D'Saône ass e Floss am Oste vu Frankräich, deen duerch d'Regioune Grand Est, Bourgogne-Franche-Comté an Auvergne-Rhône-Alpes leeft.
Si huet hir Quell bei Vioménil, westlech vun de Vogesen, a leeft dann a südwestlecher bis südlecher Richtung, fir no 473 Kilometer zu Lyon vu riets an de Rhône ze lafen.
D'Saône | |
Längt | 473 km |
---|---|
Debit | 480 |
Hydrographesche Baseng | Rhône |
Fläch vum Baseng | 29.950 km² |
Originn | |
Originn | Quell |
Plaz | bei Vioménil |
Héicht | 405 |
Koordinaten | 48° 5’ 32’’ N 06° 10’ 47’’ O |
Konfluenz | |
Leeft an | Rhône → Mëttelmier |
Plaz | Lyon |
Héicht | 161,8 |
Koordinaten | 45° 43’ 42’’ N 04° 49’ 07’’ O |
Geographie | |
Land | Frankräich |
Uertschaften | Lyon, Chalon-sur-Saône, Mâcon, Villefranche-sur-Saône, Tournus |
Op hirem Wee leeft d'Saône duerch d'Departementer Vosges, Haute-Saône, Côte d'Or, Saône-et-Loire a Rhône.
Lénks
Riets
Tëscht Corre an hirer Mëndung an de Rhone ass d'Saône op 407 km kanaliséiert a fir Schëffer zougänglech. Am Ganze gëtt et 26 Schleisen. D'Saône ass souzesoen de Réckstrank vum franséische Waasserstroossereseau. Wichteg Kanäl sinn u si ugeschloss, déi se mat anere Flossbasenge verbannen:
Commons: Saône – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Saône, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.