Philippe Ii. Vun Der Bourgogne

De Philippe II.

vun der Bourgogne, genannt de Kéngen (fr. Philippe le Hardi), gebuer de 15. Januar 1342 zu Pontoise a gestuerwen de 27. Abrëll 1404 zu Halle am Herzogtum Brabant, war Herzog vun der Bourgogne. Hie war de véierte Jong vum franséische Kinnek Jean de Gudden aus dem Haus Valois an der Bonne vu Lëtzebuerg. Als Herzog vun der Bourgogne huet hien d'Haus Bourgogne als Säitebranche vun de Valois gegrënnt.

Philippe II.
Philippe de Kéngen
Philippe Ii. Vun Der Bourgogne
Titelen
Biographie
Gebuer 17. Januar 1342 jul.
Pontoise
Gestuerwen 27. Abrëll 1404 jul.
Halle
Bestuet mat Marguerite III.
Papp Jang de Gudden
Mamm Bonne vu Lëtzebuerg
Geschwëster Charles V. vu Frankräich
Kanner Antoine vu Brabant, Jean sans Peur
Philippe Ii. Vun Der Bourgogne
Den Herrschaftsterritoire vum Haus Bourgogne ënner dem Philippe II.

1363 krut hien d'Herzogtum Bourgogne vu sengem Papp geschenkt, deemno als donation pleine et entière iwwerdroen, an net, wéi spéider vum Louis XI., net ouni Hannergedanke behaapt, als "Apanage" déi net vun enger Fra konnt geierft ginn. E klengen Deel vum Herzogtum louch iwwregens hannert der Grenz tëscht Frankräich an dem Hellege Réimesche Räich.

Duerch säi Bestietnes 1369 mat der Marguerite de Maele, Ierwin vun de Grofschafte Flandern, Artois a Franche-Comté, huet en d'Basis vun engem gréisseren territorialen Ensembel geluecht, dee schliisslech vum Mâconnais am Süde bis a Friesland am Norde gereecht huet, dat souwuel op Käschte vu Frankräich wéi zum Nodeel vum Réimesche Räich Däitscher Natioun.

1385 konnt hie mat de flämesche Stied Gent, Bruges an Ypern, déi sech net ënnerwerfe wollten, Fridde schléissen. Dat selwecht Joer huet hien zu Cambrai säin eelste Jong Jean mat der Margarete vu Bayern bestuet, a gläichzäiteg seng eegen Duechter Margarete mat hirem Brudder Wilhelm II, dem Ierwe vu Bayern.

Hien huet sech säi Liewe laang als e franséische Fürst gefillt, dee sech laang mat senge Bridder, besonnesch mam Louis vun Orléans, ëm d'Muecht um franséische Kinnekshaff an den Hoer louch.

Seng Kanner a Kandskanner hunn an de Joerzéngten duerno d'Bourgogne zu engem praktesch eegestännege Staat tëscht Frankräich an Däitschland opgebaut.

Kanner

Vun eelef Kanner, déi de Philippe mat der Margarete hat, hunn der siwen et bis an den Erwueesenenealter gepackt:

  • Jean sans Peur (1371–1419), Herzog vun der Bourgogne ∞ Margarete vu Bayern (1363–1423)
  • Charles (* Mäerz 1372; † 13. Juli 1373)
  • Marguerite (* Oktober 1374; † 8. Mäerz 1441) ∞ Wilhelm II. (1365–1417), Grof vun Holland
  • Louis (* Mai 1377; † 10. Januar 1378)
  • Catherine (1378–1425) ∞ Leopold IV. (1371–1411), Herzog vun Éisträich
  • Bonne (* 1379; † 10. September 1399)
  • Marie (* August 1380; † 3. Oktober 1422) ∞ Amadeuo VIII. (1383–1451), Grof vun der Savoie
  • Antoine (1384–1415), Herzog vu Brabant a Limburg ∞ I: Jeanne vu Lëtzebuerg (1380/85–1407); ∞ II: Elisabeth vu Görlitz (1390–1451)
  • Philippe (1389–1415), Grof vun Nevers ∞ I: Isabel de Coucy (–1411); ∞ II: Bonne d'Artois (1396–1425)

Literatur

  • Richard Vaughan, Philip the Bold. The Formation of the Burgundian State; London (Longmans), 1962.
  • Joseph Calmette, Les grands ducs de Bourgogne; Paräis (Albin Michel), 1949 (méimols nei opgeluecht).
  • Élodie Lecuppre-Desjardin, Le royaume inachevé des ducs de Bourgogne (XIVe-XVe siècles); Paräis (Belin), 2016. ISBN 2-7011-9666-4978 - Am Kapitel IV gëtt d'Schenkung (net "Apanage"!) genee dokumentéiert.
  • Bart Van Loo, Burgund - Das verschwundene Reich. Eine Geschichte von 1111 Jahren und einem Tag; München (C. H. Beck Verlag), 2020; aus dem Hollänneschen iwwersat; 656 S. (ill., Bibliogr.); ISBN 978-3-406-74927-8.

Tags:

1342140415. Januar27. AbrëllBonne vu LëtzebuergBourgogneHalle (Belsch)Herzogtum Brabant

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Flèche du SudIrlandEdsunEschduerfPhilippinnen21. JuniLiberté de conscienceZentralasienChrëschtlech-Sozial VolleksparteiChristoph KolumbusWarscheinlechkeetMaliMobil ApplikatiounKontrakt2005Selena Quintanilla-PérezCharles WeilerRay BradburyMolly YardRégis MoesCFL 3600Buddhismus2003atucbMuttergottesoktavRenert oder de Fuuss am Frack an a MaansgréisstKGuernicaKonter a MattFoussball-WeltmeeschterschaftMars ExpressMichel GehrendLionel MessiEd LauterFränz HausemerLëscht vun de Lëtzebuerger StiedAlain KinschAvenue de la Liberté (Stad Lëtzebuerg)Norbert CampagnaC.A. Spora LëtzebuergGemeng VeianenEsch-UelzechtLydie Polfer1999StéckstoffGemeng SëllChristophe HansenStauséi UewersauerTransport intercommunal de personnes dans le canton d'Esch-sur-AlzetteCras-sur-Reyssouze19. SeptemberJohn BelliGemeng MonnerechLëtzebuergeschMullebutzÉischte MeeTali GolergantJeannot MetzlerDüsseldorfHaaptsäitDomaine publicRTL Télé Lëtzebuerg1924Cristiano RonaldoKinoWaldbëlleger AffärGrenzerkierch Esch-UelzechtWeeschësserStéphanie WeydertLiège-Bastogne-Liège 2019🡆 More