Den Norbert Thill, gebuer den 10.
Mee">10. Mee 1923 zu Péiteng a gestuerwen den 2. Mee 2013, war e lëtzebuergesche Musekserzéier, Fotograf, Organist an Auteur.
Norbert Thill | |
---|---|
Gebuer | 10. Mee 1923 |
Gestuerwen | 2. Mee 2013 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Fotograf |
De "Professer Thill", wéi hie meeschtens genannt gouf, ass besonnesch bekannt wéinst senge Fotoen an der Zäitschrëft Heimat und Mission, déi zanter 1927 vun den Häerz-Jesu Pateren zu Clairefontaine publizéiert gëtt, a senge Virträg iwwer Kulturelles aus der ganzer Welt, déi hie joerzéngtelaang am ganze Ländchen an am Ausland gehalen huet. Seng aussergewéinlech Dokumentatioun iwwer d'Stadt Venedeg ass vun der UNESCO ausgezeechent ginn. Fir seng Opnamen a Rumänien a seng Konferenzen iwwer de rumänesche Kulturpatrimoine huet hien als éischten den Titel "ambassadeur culturel de la Roumanie" kritt. Dausenden Artikelen huet hien an deene verschiddenste Printmedie verëffentlecht.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Norbert Thill, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.