De Begrëff Monolith (griich.
Bezeechent ginn domat gréisser Natursteng, wéi z. B. den Ayers Rock (Uluru) an Australien oder soss Objeten, déi aus engem Stéck bestinn.
A bestëmmte Reliounen a Kulturen hu monolithesch Steng dacks eng reliéis oder kultesch Bedeitung.
Déi dräi gréissten natierlech Monolithe sinn:
An der anticker Konscht ginn och déi Statuen, déi aus engem Stee gehae sinn, monolithesch genannt.
Am iwwerdroene Sënn gëtt als monolithesch bezeechent, wat wéi aus engem Goss, also net zesummegesat oder aus verschiddene Stécker ass.
An der Ekonomie kennt een och de Begrëff monolithesch. D'Wirtschaftsstruktur ass monolithesch, wa s'op een eenzege Wirtschaftssecteur opgebaut ass. Dat war de Fall fir Lëtzebuerg, soulaang wéi d'Land bal ausschliisslech vun de Schmelzen ofgehaangen huet.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Monolith, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.