De Michel Johann Theato, wéi et op sengem Gebuertsschäi steet, gebuer den 22.
Mäerz">22. Mäerz 1878 an der Stad Lëtzebuerg op der Nummer 8 vun der Louvignysgaass, a gestuerwen den 2. Abrëll 1923 am 14. Arrondissement zu Paräis war e franséisch-lëtzebuergesche Liichtathleet.
Michel Theato | |
---|---|
Gebuer | 22. Mäerz 1878 Lëtzebuerg |
Gestuerwen | 2. Abrëll 1923 14. Arrondissement |
Nationalitéit | Frankräich, Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Marathonleefer, Laangstreckeleefer |
Kompetitiounsklass | Marathon |
Bei den Olympesche Spiller 1900 zu Paräis huet hien de Marathon des fortifs gewonnen. Hien huet déi Zäit a Frankräich gewunnt a sech a sengem Veräin vu Saint-Mandé ageschriwwen. Dowéinst ass hien an den Dokumenter vum Olympesche Comité als Fransous betruecht ginn.
Den Theato huet zu Paräis als Coursier fir eng Bäckerei geschafft. En huet de Marathon mat engem Chrono vun 2:59:45 h gewonnen, op engem ganz waarmen Dag. Seng Victoire gouf kontestéiert: Verschidde Leefer hu behaapt, den Theato hätt gefuddelt an onerlaabt Ofkierzunge geholl, woubäi en op seng gutt berufflech Kenntnesser vun de Paräisser Stroossen hätt kënnen zeréckgräifen.
Dräi Joer duerno ass dem Theato seng Sportlerkarriär op en Enn gaangen, nodeem e gefall war, an en um Knéi huet missen operéiert ginn.
An de Palmarèse gouf den Theato laang als Fransous gefouert. Eréischt um Enn vum 20. Joerhonnert koum eraus, datt hie Lëtzebuerger war, an domat deen éischte Lëtzebuerger Olympiagewënner. Dacks gëllt nach ëmmer de Josy Barthel als bis ewell eenzege Goldmedaile-Gewënner aus dem Grand-Duché.
De 16. Mee 2017 huet de Stater Gemengerot decidéiert, eng nei Strooss um Belair no him ze nennen.
Commons: Michel Theato – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Michel Theato, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.