De Martin Schweisthal, gebuer de 25.
Februar">25. Februar 1858 zu Biebereg a gestuerwen den 19. Juni 1922 zu Etterbeek (B) war e lëtzebuergesche Schrëftsteller a Sproochwëssenschaftler.
Martin Schweisthal | |
---|---|
Gebuer | 25. Februar 1858 Biebereg |
Gestuerwen | 19. Juni 1922 Etterbeek |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller |
No sengem Ofschlossexamen am Stater Kolléisch am Joer 1877 goung de Martin Schweisthal op Paräis an d'École pratique des hautes études. Duerno huet hien zu Prag an zu Heidelberg Philosophie a Literatur studéiert a säi Studium mat engem Doktorat ofgeschloss. Hien hat vu senger Studienzäit profitéiert, fir sech an der Archeologie ze spezialiséieren, wat erkläert, datt hie spéider President vun der archeologescher Gesellschaft vu Bréissel ginn ass.
1889 ass hie Bibliothecaire vum Grof vu Flandern ginn. Parallel dozou huet hien déi däitschsproocheg Sektioun vum "Bureau international des tarifs douaniers", deen zu Bréissel ënner der Egide vum belschen Ausseministère funktionéiert huet, geleet. Vun 1912 bis 1922 war hie Bibliothecaire vum belsche Kinnek Albert I.
Nieft linguisteschen Aarbechten huet hien och reng literaresch geschafft an z. B. Reesberichter an aner Artikele publizéiert. Zesumme mam Nicolas Leonardy huet hien e patriotescht Trauerspill iwwer de Klëppelkrich verfaasst; en huet awer och Kaméidistécker geschriwwen.
Eng détailléiert Opstellung vum Schweisthal senge Publikatioune bis an d'Joer 1900 ass am Martin Blum senger Bibliographie ze fannen.
De Schweisthal huet och alt ënner dem Pseudonym “Quiroule Pierre“ oder "Peregrinus" publizéiert.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Martin Schweisthal, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.