De Lycée du Nord, kuerz LN, ass eng ëffentlech lëtzebuergesch Secondairesschoul zu Wolz.
(LN) | |
---|---|
Typ | Secondairesschoul, ëffentlech Schoul |
Regimm | Classique, General, Professionnel |
Land | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Wolz |
Adress | 19, rue Général Patton L-9551 Wiltz |
Schülerzuel | 1.075 |
September 2022 | |
Ënnersteet der/dem | Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend |
Gegrënnt | 18. Juni 1969 |
Um Spaweck | https://lnw.lu/ |
Op Basis vum Gesetz vun 1965 iwwer d'Mëttelschoulen ass mam groussherzogleche Reglement vum 18. Juni 1969 de Lycée, deen deemools « Collège d'enseignement moyen » geheescht huet, gegrënnt ginn. Zur Schoul hunn och nach Dependancen zu Ëlwen a Klierf gehéiert. D'Beruffsausbildung vun Ëlwen a Klierf ass kuerz drop, mam Reglement vum 15. Juli 1969, bei d'Wëlzer Mëttelschoul geprafft ginn an d'Schoul krut dunn den Numm « Collège d'enseignement moyen et professionnel du Nord ». Am September 1969 ass eng éischt Kéier Schoul gehale ginn.
1973 huet d'Chamber e Gesetz gestëmmt mat deem d'Regierung d'Erlabnes krut fir e Gebai fir de Lycée bauen ze loossen. Méi spéit goufe Vergréisserungen erlaabt: eng éischt Kéier 1995 an duerno nach 2001.
1979 ass aus der Mëttelschoul e Lycée technique ginn, deen den Numm « Lycée technique du Nord » krut.
Mam Gesetz vum 24. Mäerz 1992 krut d'Schoul och eng « Classique »-Sektioun an aus dem Lycée technique gouf e Lycée, deen dunn den neien a bis haut gëltegen Numm « Lycée du Nord » krut.
2010 goufen de 40. Anniversaire vun der Schoul gefeiert an nei Gebaier ageweit.
Mat engem Fest ënnert dem Numm « LN Celebrating » a mat enger Séance académique sinn 2019 dem Lycée seng fofzeg Joer gefeiert.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Lycée du Nord, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.