D'Lord's Resistance Army, LRA („Widderstandsarméi vum Här“) gouf 1987 gegrënnt an ass eng paramilitäresch Grupp ënner der Féierung vum Joseph Kony, déi am Norde vum Uganda géint d'Regierung vum Museveni a fir d'Aféierung vun enger Theokratie kämpft, déi op den Zéng Geboter baséiere soll.
D'LRA kritt eng ganz Rëtsch schwéier Verbrieche virgeworf. Nodeem Uganda d'LRA gréisstendeels verdreiwe konnt, terroriséiert se virun allem am Südsudan an an Haut-Uele, am Norde vun der Demokratescher Republik Kongo, d'Bevëlkerung, woubäi se angeblech duerch de Sudan finanzéiert gëtt.
Commons: Lord's Resistance Army – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Lord's Resistance Army, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.