Kréchel

De Kréchel, Kréchelek oder Tuermfallek (Falco tinnunculus, de: Turmfalke, fr: faucon crécerelle), ass e Gräifvull aus der Famill vun de Falconidae.

Et ass ee vun de geleefegste Gräifvullen zu Lëtzebuerg.

Kréchel
E männleche Kréchel

E männleche Kréchel
E männleche Kréchel
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Vullen
Ënnerklass Passerae
Uerdnung: Gräifvullen
Famill: Falconidae
Gattung: Falken (Falco)
Wëssenschaftlechen Numm
Falco tinnunculus
Linnaeus 1758

Beschreiwung

Kréchele gi ronn 35 cm grouss. De Männchen huet routbrong Plomme mat schwaarzen Tëppelen an en hellgroe Kapp. De Bauch ass hell an huet nëmme liicht brongelzeg Flecken. Ronderëm d'Féiss an d'Aen ass e gielzeg. D'Weibchen ass liicht méi grouss wéi de Männchen, ass liicht méi donkel an huet méi prononcéiert Flecken. D'Kappfaarf ass, anescht wéi beim Männchen, d'selwecht wéi déi vum Rescht vum Kierper. Charakteristesch fir de Kréchel ass, nieft sengem Ausgesinn, seng Ki-ki-ki…-Riff a seng Aart a Weis, duerch séiere Flillekeschlag an der Loft ze "stoen", wann en no Friesse sicht.

Kréchel Kréchel Kréchel
E Kréchel, deen an der Lut "steet": E beweegt seng Flilleke séier an huet d'Schwanzfiedere gespreet.

Kréchel
Falco tinnunculus

Brutt

Kréchele wunnen deelweis an ale Gebaier, a Fielswänn oder op héije Beem. Si baue selwer keng Näschter, mä benotzen déi, déi vun anere Kréievulle verlooss goufen. Och Naschtkëschten huelen se gär un.

Am Mäerz si Kréchele bei opfällege Balzflich z'observéieren. Am Abrëll leet d'Weibchen all 2-6 Deeg hannereneen am Ganzen 2-6 rout-brong gepierpelt Eeër. Dës ginn ronn 28 Deeg laang, virun allem vum Weibchen, ausgebréit. D'Männche geet him déi Zäit d'Friesse sichen.

Jonk Kréchelen hu bei der Gebuert e wäissen Diwwi. No 20 Deeg ass d'Plommekleed komplett. Se gläichen da vun der Faarf hir éischter de Weibercher.

Kascht

Gréisstendeels jot de Kréchel kleng Knabberdéieren. E fänkt sech awer och alt Insekten, Amphibien a kleng Vullen.

De Kréchel zu Lëtzebuerg

Wéi och soss doruechter, a bei villen anere Vullenaarten, ass de Kréchel duerch dem Mënsch seng Aktivitéite bedreet: Intensiv Landwirtschaft, Pestiziden, de Verloscht un Naschtplazen, an net zulescht den Autosverkéier maachen, datt de Kréchel ëmmer méi rar gëtt.

De Kréchel ass 2009 vun der Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga (LNVL) als de Vull vum Joer erausgesicht ginn.

Kuckt och

Um Spaweck


Commons: Falco tinnunculus – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

Kréchel BeschreiwungKréchel BruttKréchel KaschtKréchel De zu LëtzebuergKréchel Kuckt ochKréchel Um SpaweckKréchelFamill (Biologie)GräifvullenLëtzebuerg (Land)

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Drama (Film)David Ben-GurionLuc BonbletLëtzebuerg (Land)Jacques ChiracAntonio Carlos JobimUerdnung (Biologie)55 v. Chr.Serge HettoPaul ElvingerSchlass vu VersaillesSupreme Court of the United StatesLëscht vun Zeitungen an Zäitschrëften zu LëtzebuergItalieenesch LiraMadagaskarSpuenienJustin BieberOlympionikKrich an der VendéeWeltierwenNorth CarolinaGemeng EechQueenPierre Cao (Handballspiller)InternetVincent Artuso1924Alfred GuldenAssociatioun vu Südostasiateschen NatiounenVictor PoosDiana Rigg1586BruttoinlandsproduktRaymond WeydertDomaine publicLëscht vun de lëtzebuergesche SpréchwierderNeipuertsgaassLa Belle Étoile (Akafszentrum)Giro d'ItaliaEngleschPakistanJapanJangliQuod erat demonstrandumGast MannesHypertext Markup LanguageRepublik China (Taiwan)Ava GardnerRegierung EyschenFélix ChoméFlorian BohnertMarco LorenziniAnnett RennebergGéissereiLëscht vun de Vullen zu LëtzebuergKilimanjaroMartine KempKlibberStater TramMaschrekLëscht vu CheemikerLiberté - Fräiheet!Ben E. King🡆 More