De Kierfecht am Rollengergronn, oder Rollengergrënnesche Kierfecht (offiziell Cimetière de Rollingergrund) läit am Quartier Rollengergronn/Belair-Nord vun der Stad Lëtzebuerg an ass ee vun de 14 Kierfechter déi an d'Kompetenz vum Service Cimetières vun der Stater Gemeng falen.
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Rollengergronn/Belair-Nord |
Adress | Kierchewee |
Fläch | 1,0843 ha |
Koordinaten | 49° 37’ 23.56’’ N 06° 06’ 17.35’’ O |
Gestioun | Service Cimetières vun der Stad Lëtzebuerg |
De Kierfecht huet virun der Gemengefusioun vun 1920 zur Gemeng Rollengergronn gehéiert.
De Kierfecht läit um Wupp vum Kierchewee (montée des Tilleuls), nieft der Antoniuskierch vum Rollengergronn. Wéinst senger Lag am Hang ass en an Terrassen ugeluecht.
Um Kierfecht hänkt eng Gedenkplack als Undenken un d'Affer vum Zweete Weltkrich.
Commons: Kierfecht am Rollengergronn – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Kierfecht am Rollengergronn, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.