D'Kaja Kallas, gebuer den 18.
Juni">18. Juni 1977 zu Tallinn, ass eng estesch Politikerin (Eesti Reformierakond - "Estesch Reformpartei") an zanter dem 26. Januar 2021 Premierministesch vun hirem Land.
Kaja Kallas | |
---|---|
Gebuer | 18. Juni 1977 Tallinn |
Nationalitéit | Estland |
Educatioun | Universitéit vun Tartu |
Aktivitéit | Politiker, Affekot |
D'Kaja Kallas huet op der Universitéit vun Tartu Droit studéiert a gouf 1999 Member vum estesche Barreau. Ausserdeem war si an den Direktiouns- an Opsiichtsréit vu verschiddene Firmen, déi sech ëm erneierbar Energië këmmeren. Vun 2011 bis 2014 war si Deputéiert am Riigikogu, dem estesche Parlament, a vun 2014 bis 2018 am Europäesche Parlament. 2018 gouf si Presidentin vun hirer Partei.
Am Mäerz 2019 huet d'ER d'Parlamentswalen an Estland gewonnen. Et war der Kaja Kallas awer net méiglech, eng Koalitiounsregieurng op d'Been ze stellen, sou datt de Jüri Ratas, dee scho virdru Premierminister war, de 17. Abrëll 2019 vum Parlament a sengem Amt konfirméiert gouf. Nom Récktrëtt vun hirem Virgänger Jüri Ratas, den 13. Januar 2021, fir d'politesch Responsabilitéit fir eng Korruptiounsaffär bei Regierungsmemberen z'iwwerhuelen, gouf si knapps zwou Wochen drop als nei Premierministesch vereedegt.
Si ass d'Duechter vum fréieren estesche Ministerpresident an EU-Kommissär Siim Kallas.
Commons: Kaja Kallas – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Kaja Kallas, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.