De Johann Elert Bode, gebuer den 19.
Januar">19. Januar 1747 zu Hamburg; a gestuerwen den 23. November 1826 zu Berlin, war en däitschen Astronom.
Johann Elert Bode | |
---|---|
Gebuer | 19. Januar 1747 Hamburg |
Gestuerwen | 23. November 1826 Berlin |
Nationalitéit | Kinnekräich Preisen |
Aktivitéit | Astronom, Universitéitsprofesser |
Member vun | Royal Society, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Accademia Nazionale delle Scienze, Bayeresch Wëssenschaftsakademie |
1786 ass hien Direkter vum Berliner Observatoire ginn. Scho 1776 huet hien en Astronomescht Joerbuch erausginn. De Bode verëffentlecht 1772 déi vum Johann Daniel Titius 1766 entdeckt an nëmmen an enger Foussnott ernimmt empiresch Formel d'Titius-Bode-Rei. No där Reegel loosse sech bis bei den Uranus déi ongeféier Ofstänn vu Planéitebunne vun der Sonn duerstellen.
De Bode ass an der Fachwelt virun allem wéinst sengen Aarbechten iwwer d'Bunn vum Uranus bekannt, dee 1781 entdeckt gouf. An ale Stärekatalogen huet de Bode e ganze Koup Positioune vum Uranus fonnt, déi zwar de Planéit als Stär mat dem Numm 34 Tauri registréiert haten. De Bode huet awer erkannt, datt deen een an deen aneren de selwechte Planéit war, nämlech den Uranus. Doduerch war et méiglech, d'Planéitebunn méi fréi wéi erwaart a mat héijer Prezisioun ze berechnen. Duerch Onstëmmegkeete vu berechente Positioune gouf dunn 1846 den Neptun entdeckt. D'Benennung vum Uranus geet op de Virschlag vum Bode zeréck. Virdru gouf de Planéit och Herschel no sengem Entdecker Wilhelm Herschel oder Georgium Sidus nom englesche Kinnek George III. genannt.
Nom Bode gouf e Moundkrater an en Asteroid (998) Bodea benannt.
Commons: Johann Elert Bode – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Johann Elert Bode, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.