De Joaquín Turina Pérez, gebuer den 9.
Dezember">9. Dezember 1882 zu Sevilla, a gestuerwen de 14. Januar 1949 zu Madrid, war e spuenesche Komponist.
Joaquín Turina | |
---|---|
Gebuer | 9. Dezember 1882 Sevilla |
Gestuerwen | 14. Januar 1949 Madrid |
Nationalitéit | Spuenien |
Aktivitéit | Dirigent, Musikolog, Universitéitsprofesser, Pianist, Komponist |
Den Turina huet mat véier Joer ugefaangen, Akkordeon ze spillen an huet nach wärend senger Schoulzäit Piano geléiert, vun 1894 un och Harmonieléier a Kontrapunkt bem Evaristo Garcia Torres. Vun 1897 un ass hie reegelméisseg als Pianist, musikalesche Leeder an Interpret och vun eegene Kompositiounen a Sevilla opgetrueden.
Vun 1902 un huet hien zu Madrid beim Pianist José Tragó studéiert. Do huet en och säi Landsmann a Frënd, de Manuel de Falla, kennegeléiert. Vun 1905 bis 1913 huet en zu Paräis gelieft, wou e Piano beim Moritz Moszkowsky a Kompositioun beim Vincent d'Indy a senger Schola Cantorum studéiert huet.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Joaquín Turina, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.