Déi Helleg Virhaut, (lat.
sanctum praeputium) vum Jesus ass eng Reliquie an der réimesch-kathoulescher Kierch, déi vum Jesus vun Nazaret stame soll.
Wéinst der Himmelfaart vu Jesus si vu sengem Kierper nëmmen déi Deeler Rescht bliwwen, déi en an deem Ament net méi soll gehat hunn. Dozou gehéiert d'Virhaut, déi bei der Beschneidung (Brit Mila) den 8. Dag no der Gebuert vun engem jiddesche Jong am Tempel ewech geschnidde gëtt, wéi dat am Lukasevangelium 2, 21 nozeliesen ass.
Am Mëttelalter hu ronn eng Dose Kierchen den Usproch erhuewen, am Besëtz vun där Reliquie ze sinn.
Bis zur Neiuerdnung vum Kierchejoer 1969 ass um 1. Januar d'Fest vun der Beschneidung (lat. Circumcisio Domini) an der Kathoulescher Kierch gefeiert ginn.
Commons: Helleg Virhaut – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Helleg Virhaut, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.