Guill Schmitz: Lëtzebuergesche Moler a Sänger

De Guillaume (Guill) Schmitz, gebuer de 24.

September">24. September 1926 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen de 4. November 1987, war e lëtzebuergesche Moler a Sänger.

Guill Schmitz
Gebuer 24. September 1926
Lëtzebuerg
Gestuerwen 4. November 1987
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun École nationale supérieure des beaux-arts
Aktivitéit Moler, Sänger
Member vun Cercle artistique de Luxembourg
Guill Schmitz: Lëtzebuergesche Moler a Sänger

De Guill Schmitz ass zu Miesdref opgewuess. Hien huet op der École des beaux-arts zu Paräis studéiert. Zu Paräis krut hie seng éischt Commande, fir e Fresko aus dräi Deeler op der Mauer hannert dem Altoer vun der Muttergottes an der ''Église Saint-Joseph-Artisan'', der Kierch vun der franséisch-lëtzebuergescher Missioun, ze maachen.

1948 huet hie mam Lé Tanson a Gaston Picard L'Equipe Parisienne gegrënnt, si hunn dat Joer zesummen zu Munneref a Metz ausgestallt. De Schmitz gouf Member vum Kënschtlerveräin Cercle artistique de Luxembourg (CAL), wou hie vun 1949 bis 1963 un de Salonen deelgeholl huet. Hien huet och 1953 zesumme mam Michel Breithoff, Jean-Pierre Junius an Aurelio Sabbatini an der Galerie Bradtké ausgestallt.

1954 huet hien de Prix de la jeune peinture Luxembourgeoise um Salon du CAL gewonnen. Nieft senger Aarbecht als Kënschtler huet de Schmitz op der Post geschafft.

De Schmitz war och an der klassescher Musek aktiv. Hien huet als Jongesopran am Männerchouer zu Miesdref ugefaangen a gouf spéider Dirigent vum Chouer. Dem Schmitz seng Stëmm huet sech zu engem déiwe Bass entwéckelt an hien ass als Solosänger opgetrueden.

1962 gouf hie Member vum Ensembel Quatuor Vocal du Luxembourg, gegrënnt vum Pierre Nimax Sr. De Quartett hat ronn drësseg Optrëtter d'Joer. 1979 ass en an den USA op Tournee gaangen an huet eng Rei LPen erausbruecht. 1978 krut de Schmitz zesumme mat senge Quartettkollegen Nico Hames a Laurent Koster d'Médaille en vermeil vum Ordre de la couronne de chêne.

Wierker (Auswiel)

  • 1948 Fresko aus 1948 an der Kierch Saint-Joseph-Artisan, Rue La Fayette zu Paräis.
  • 1953 Kräizwee (Fresko) an der Kierch Wolz
  • 1960 Design Fändel fir d'Pompjeeë Miesdref-Pëtten
  • 1980 Design Fändel fir d'Kannerchouer vum Neiduerf/Weimeschhaff

Kuckt och

Referenzen an Notten

Tags:

1926198724. September4. NovemberLëtzebuerg (Land)Lëtzebuerg (Stad)MolerSänger

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Canon EOS 450DDiego MaradonaZisterzienserGemeng MamerChileJohn LennonBeauvais (Oise)25. MäerzAustralienKathedral Saint-Pierre zu BeauvaisIndonesienGaleblosVenezuelaX (Soziaalt Netzwierk)Tom HanksVerkéierswarnschëldAdolf BerensSchuerelser SchlassDemocratic Party (USA)Johny FlickEkosystemViktor OrbánFrankräichGaston ReineschActioun LëtzebuergeschNamibienNapoleon BonaparteFort RumignyBrisbaneMario Frick (Foussballspiller)LoutrengenHorrorfilmBitcoinFritz WepperGMA NetworkSchäffchenGustave FlaubertChristian WeisOlympesch SymbolerPoznańKarin SzékessyCarl von Linné Jr.SuizidFadas FamilyRené Steichen (Regisseur)Waldbëlleger AffärPalau (Ozeanien)John F. KennedyPekingCarlo LoudvigMstislaw Rostropowitsch195525. JuniKanton Esch-UelzechtRené KollwelterSous le sableNauruNikita Sergejewitsch ChruschtschowDana WynterFändel vu LëtzebuergNGC 6369Lech WałęsaBéinchenEdouard LujaHark BohmVRtl.lu🡆 More