De François Heldenstein, gebuer de 27.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Apdikter a Gemengepolitiker François Heldenstein. Fir Persoune mam selwechten Numm, kuckt wgl. François Heldenstein. |
Oktober">27. Oktober 1749 zu Iechternach an do gestuerwen den 30. Juli 1824, war e lëtzebuergeschen Apdikter a Gemengepolitiker.
François Heldenstein | |
---|---|
Gebuer | 27. Oktober 1749 Iechternach |
Gestuerwen | 30. Juli 1824 Iechternach |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Famill | |
Kanner | Jean-Pierre David Heldenstein |
Hie war de Fils vum Jean Georges Heldenstein a vun der Marie Elisabeth Koch. Hien huet sech den 31. Januar 1785 an der Stad Lëtzebuerg mat der Marguerite Seyler bestuet. Seng Nominatioun als Apdikter hat hie 1783 kritt. Hie gëllt als de Grënner vun der Iechternacher Pharmacie du Lion (Löwen-Apotheke). Hien ass 1824 um Klenge Maart, Nr. 80, verscheet. Seng Apdikt gouf 1827 vu sengen Ierwe sengem Eedem, dem Jean-Pierre Brimmeyr, dee mat senger Duechter Lambertine Constance Jeanne bestuet war, iwwerdroen. Hie war Member vum Iechternacher Gemengerot a Buergermeeschter vun Iechternach vum 5. Mee 1799 bis den 21. August 1800.
Am Gebuertsregëster war hien als Höldensteiner opgeschriwwe ginn.
Hie war de Papp vum Stater Apdikter a Buergermeeschter Jean-Pierre David Heldenstein.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article François Heldenstein (1749-1824), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.