Ein Besuch in der Champagnerfabrik Mercier ass e schwaarz-wäisse Stommfilm aus dem Joer 1907, deen de Peter a Wendel Marzen fir de Champagner-Produzent Mercier gedréint hunn.
E gëllt als ee vun den éischte Lëtzebuerger Industriefilmer.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Produktiounsjoer | 1907 |
Première | 1907 |
Format | 1,37:1 |
Filmformat | 35 mm |
Originalsprooch | Stommfilm |
Ekipp | |
Regie | Peter Marzen, Wendel Marzen |
Schauspiller | |
keng (Documentaire) | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Mercier hat zu där Zäit eng grouss Succursale an der Stad Lëtzebuerg, wou de Wäin aus der Champagne a Fässer importéiert gouf, zu Schampes weiderverschafft a vun do aus (virun allem an Däitschland) weiderverkaf gouf.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Mercier (Champagner).
Am Fim ze gesinn sinn ë. a. d'Aarbechter (dorënner Kanner) déi de Schampes a Fläschen offëllen, a wéi d'Fläschen am Keller gedréint ginn, a méi spéit agepaakt gi fir den Transport. Ze gesinn ass weiderhin d'Kuerffabrick am Weidendall bei Koplescht, wou d'Kierf fir den Transport gemaach goufen. Weider gesäit een eng Klappjuegd, a wéi no Feierowend d'Aarbechter, d'Bürosleit an zulescht d'Direktioun d'Fabrick verloossen.
De Film ass ee vun den éischten Industriefilmer, déi zu Lëtzebuerg gedréint goufen. E gouf 1961 erëmfonnt, wéi d'Spuerkeess d'Gebaier vun der Fabrick, déi zougemaach gi war, opkaaft hat. De Film gouf 1963 vum Philippe Schneider restauréiert a mat Commentairen an e puer Zeene vun dunn ënner dem Titel Regards sur le passé erausbruecht.
1999 gouf de Film frësch vum CNA restauréiert a mat enger Musek vum Alain Pierre sonoriséiert.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Ein Besuch in der Champagnerfabrik Mercier, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.