De Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg (fr: Conservatoire de la Ville de Luxembourg) ass eng Museksschoul zu Märel.
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Lëtzebuerg |
Koordinaten | 49°36'8"N, 6°6'25"O |
Datum vum Bau | 1906 |
Duerch e Gesetz vum 22. Mee 1902, dat d'Schafe vun engem Museksconservatoire an der Stad Lëtzebuerg betraff huet, an dem Arrêté Grand-Ducal dozou vum 11. Mäerz 1904 gouf de legale Kader fir de Conservatoire gesat. Ma eréischt 1906 gouf de Conservatoire gegrënnt, an dat mat Hëllef vun engerm Don vun der Madame Eugénie Dutreux-Pescatore. D'Gebai war domols an der rue du St. Esprit 14-16, am fréiere Refuge vun der Abtei Orval, a war grouss genuch fir ongeféier 300 bis 400 Schüler. Den éischten Direkter war de Belsch Victor Vreuls.
Nom Zweete Weltkrich ass d'Zuel vun de Schüler an d'Luucht gaangen, a schonn an der Mëtt vun den 1960er Jore gouf dovu geschwat, a méi grouss Raimlechkeeten ze plënneren, mä et sollt bis 1984 daueren, bis an dat neit Gebai um Geesseknäppchen geplënnert konnt ginn.
Dëse Gebaierkomplex (dee, wéi säi Virgänger, de Spëtznumm Quatsch huet) ass vun den Architekte Robert Heintz-Sturm a Conny Lentz, dt-8 Planungsgruppe a Büro Bussmann & Haberer. De Concerts-Sall huet eng Westenfelder-Uergel.
2021 ginn eng 3.800 Elèven an de Consevatoire. 170 Enseignante ginn do ronn 7.000 Coursen d'Woch. Direkter ass zanter dem 1. September 2011 de Marc Meyers. Virdru war dat 16 Joer laang de Fernand Jung.
Commons: Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.