City ass eng Zäitschrëft déi vu Maison Moderne am Optrag vun der Gemengeverwaltung vun der Stad Lëtzebuerg erausbruecht gëtt.
D'Zäitschrëft mam Ënnertitel „Magazine officiel de la Ville de Luxembourg“ huet e Format vun ca. 23 cm Breet an 28 cm Héicht a gëtt gratis un all Stot an der Stad verdeelt. Leit déi net an der Stad wunnen, kënne se gratis abonéieren; fir an d'Ausland kascht e Joresabonement 10 Euro.
Mat der City wëll d'Stad d'Ëffentlechkeet ganz konkreet iwwer d'Projeten informéieren déi an der Stad realiséiert ginn a sou méi en enke Kontakt tëscht der Gemengeverwaltung an de Bierger hierstellen.
City gëtt an enger Oplo vu 70.000 Exemplaire gedréckt a kënnt 11-mol am Joer eraus. D'Artikele sinn op Englesch a Franséisch fir esou déi meeschte Leit z'erreechen.
Déi éischt Nummer koum am Januar 2016 eraus an huet domat de City Mag ersat. D'Zäitschrëft kann och um Internet virtuell duerchgebliedert oder erofgeluede ginn.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article City (Zäitschrëft), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.