De Chaos Computer Club (CCC) ass eng Associatioun, an där sech Hacker zanter 1981 zesummegeschloss hunn, déi sech eegenen Aussoen no fir grenziwwerschreidend Informatiounsfräiheet asetzen a sech mat den Auswierkunge vun Technologien op d'Gesellschaft souwéi op dat eenzelt Liewewiese beschäftegen.
Member ka jiddweree ginn, dee sech mat den Ziler vum CCC identifizéiere kann. D'Mataarbecht am CCC ass awer net un eng Memberskaart gebonnen. Den 1986 gegrënnten däitschen agedroene Veräin Chaos Computer Club e. V. huet mëttlerweil eng 2000 Memberen. De regionalen Erfarungsaustauschkrees vu Lëtzebuerg gouf 2008 als Chaos Computer Club Lëtzebuerg a.s.b.l. vu sechs Membere gegrënnt.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Chaos Computer Club Lëtzebuerg.
Commons: Chaos Computer Club – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Chaos Computer Club, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.