D'Bréck op der Colmer Bréck ass eng Stroossebréck, déi d'Nationalstrooss 7 iwwer d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen féiert.
Se läit um Territoire vun der Gemeng Schieren, an der Uertschaft Colmer Bréck, nërdlech vu Colmer, net wäit ewech vun der Kräizung mam CR123.
Geographie | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Plaz | Colmer Bréck |
Koordinaten | 49° 48’ 59.4’’ N 06° 05’ 52.0’’ O |
Funktioun | |
Benotzt als | Stroossebréck / N7 |
Féiert iwwer | CFL-Linn 1 |
Material | Bëtong |
Bemierkungen | |
Opgaangen | ~ 1960 |
Bei der Bauverwaltung gëtt se ënnert der interner Nummer OA232 gefouert.
D'Bréck aus Spanbëtong gouf uganks der 1960er Jore gebaut.
Obwuel an der Vergaangenheet eng Rëtsch Aarbechten duerchgefouert goufe fir d'Stabilitéit vun der Bréck ze garantéieren, ass se haut(Januar 2022) an engem kriddelegen Zoustand, sou datt se muss ersat ginn.
Ier déi al Bréck ofgerappt ka ginn, gouf ëstlech dovun eng 45,72 m laang an 130 t schwéier provisoresch stole Bréck opgeriicht, iwwert déi de Stroosseverkéier bis Enn 2023 leeft.
Nodeems verschidde Bauweise fir eng nei Bréck analyséiert goufen, koum derbäi eraus, datt aus techneschen an ästheetesch Grënn just eng Boubréck mat engem Zuchband ((en) Bowstring) a Fro kéim. Déi nei Bréck kritt eng Breet vu 16,5 m, mat ë. a. zwou Fuerbunne vun 3,6 m, engem Fousswee vun 1,7 m op der ëstlecher an engem 2,5 m breede Fouss- a Vëloswee op der westlecher Säit.
Commons: D'Bréck vun 1960 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Commons: D'provisoresch Bréck – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Bréck op der Colmer Bréck, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.