D'Anise Koltz (Meederchersnumm Blanpain), gebuer den 12.
Juni">12. Juni 1928 zu Eech, a gestuerwen den 1. Mäerz 2023, war eng lëtzebuergesch Schrëftstellerin.
Anise Koltz | |
---|---|
Gebuertsnumm | Lucie Anne Blanpain |
Gebuer | 12. Juni 1928 Eech |
Gestuerwen | 1. Mäerz 2023 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Dichter, Schrëftsteller, Iwwersetzer |
Member vun | Académie Mallarmé, Section des arts et lettres vum Institut grand-ducal |
Famill | |
Bestuet mat | René Koltz |
Papp | Raymond Hubert Blanpain |
Mamm | Suzy Mayrisch |
D'Anise Koltz huet hire Lycée tëscht 1940 an 1947 gemaach.
Si war Matgrënnerin an Organisatrice vun de Munnerëffer Dichterdeeg, déi vun 1963 bis 1974 a vun 1995-2001 lëtzebuergesch an auslännesch Auteuren, virun allem däitscher a franséischer, zu Munneref zesummebruecht hunn.
Vun 1972 bis 1975 war d'Anise Koltz Bibliothecairin an der Thomas-Mann-Bibliothéik, déi lëtzebuergesch Filial vum Goethe-Institut.
D'Anise Koltz war mam René Koltz bestuet an ass d'Mamm vum Jean Luc Koltz an d'Groussmamm vun der Beryl Koltz.
D'Anise Koltz war Member vun:
D'Besatzungszäit huet et mat sech bruecht, datt d'Anise Koltz sech als Schülerin huet misse méi intensiv mat der däitscher Sprooch a Literatur befaassen. Dohier kënnt et, datt hir éischt Wierker op Däitsch geschriwwe sinn.
1971 ass hire Mann René Koltz un de Follge vun de Folterungen duerch d'Nazie gestuerwen.[Source?]
Déi zwee Elementer erklären déi schwiereg Relatioun vun der Anise Koltz zur Sprooch, besonnesch zur däitscher Sprooch. Progressiv huet si ëmmer méi seelen op Däitsch geschriwwen, fir an den 1980er Joren déi Sprooch komplett falen ze loossen a just nach op Franséisch ze schreiwen.
Hir Sprooch ass parallel dozou méi schaarf a méi batter ginn, markéiert vu Roserei, déi hiert Wierk doduerch erëm méi no un déi däitsch Literatur bruecht huet. Heira läit ouni Zweiwel d'Originalitéit vun hirem Stil, vun deem hei dräi Beispiller presentéiert ginn:
Beispill 1 | Beispill 2 | Beispill 3 | ||
Casser le mot comme une noix en extraire le noyau le broyer entre les dents le recracher au poème | Je suis Jonas, écrit-elle enfermé dans sa chair se noyant dans son sang | Mon corps est chaud comme le seuil d'une église Quand tu entres en moi la bible divague |
Bei der Geleeënheet vun hirem 90. Gebuertsdag gouf op d'Initiative hi vun der Associatioun Patrimoine roses pour le Luxembourg asbl am Rousegaart vum Thermalbad zu Munneref eng Rousevariétéit mam Numm Anise Koltz Poète gedeeft. Den Dafzertificat gouf am Juli 2018 an der Nationalbibliothéik déponéiert.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Anise Koltz, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.