Anglesey, op walisesch Ynys Môn, ass eng brittesch Insel virun der Nordwest-Küst vu Wales am Iresche Mier.
Et ass och den Numm vun enger Grofschaft.
Den héchste Punkt op Anglesey selwer ass de Mynydd y Garn an dem nord-westlechen Eck. Awer de Bwrdd Arthur am Oste vun der Insel ëstlech vun der Red Wharf Bay an de Mynyedd Eilian am nord-ëstlechen Eck komme bis op e puer Meter un en erun. Den Holyhead-Bierg op der virgelagerter Holy-Insel huet 219 Meter (i.d.M.). Anglesey huet ausserdeem eng Küst vun 201 Kilometer.
D'Insel Anglesey ass vum Festland aus z'erreechen iwwer zwou Brécken.
De Stroosseverkéier geet iwwer d'original Menai Hänkbréck, déi 1826 vum Thomas Telfort gebaut gouf an der Britannia Bréck, déi d'Autobunn A55 an North Wales Coast Railway-Eisebunn dréit.
D'Eisebunnslinn vu Portthaethwy op Caergybi (mat Tëschenopenthalt zu Bodorgan, Ty Croes an Rhosneigr) féiert queesch duerch Anglesey vun Osten no Westen ass 69 Kilometer laang.
Walisesch ass eng vun deenen eelste Sproochen an Europa. Op Anglesey schwätzen 62 % vun de Leit Walisesch als Haaptsprooch. Jiddweree kann och Englesch. Et ass op Anglesey an am Caernarvonshire, wou dat rengste Walisesch geschwat gëtt.
Wales huet en eegenen Tëlee-Kanal, den S42, national a regional Radio-Statiounen, Radio Cymru an Champion. Dozou kommen nach Walisesch Dageszeitungen an Zäitschrëften.
Dat wichtegst literarescht Wierk op Walisesch ass Mabinogion, eng Sammlung vun alen Erzielungen a Geschichten. Eng Iwwersetzung op Ensglesch gëtt et am Täschebuch (ISBN 0-14-044322-3)
Commons: Anglesey – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Anglesey, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.