Den Alnitak ass de Stär ζ Orionis (Zeta Orionis) am Stärebild Orion, den ëstlechste Stär vun der Ceinture am Orion.
Den arabeschen Numm bedeit "Ceinture" (dat ëstlecht Enn). Den Alnitak huet eng visuell Magnitude vu +1,78 mag a gehéiert zu der Spektralklass O9. Hien ass domat en déifbloe Stär. Wéi den Epsilon Orionis sou ass och den Zeta Orionis e liichtkräftege Bloe Ris mat der 100.000-facher Liichtkraaft vun eiser Sonn. Seng Uewerflächentemperatur ass zirka 31.000 Kelvin. Den Alnitak huet den zirka 10,7 fachen Duerchmiesser vun eiser Sonn. D'Distanz vum Alnitak zur Äerd ass 817 Liichtjoer. Hien huet an engem Wénkelofstand vun 2,3" bei engem Positiounswénkel vun 165 Grad e Begleeder mat der Hellegkeet +4,0 mag (Spektraltyp B0 = 25.000 Kelvin). Dee Stär ass mat bloussem A ze gesinn. A senger Noperschaft ass sech och de Päerdskappniwwel an de Flamenniwwel als Deeler vum Orion-Niwwelkomplex.
Koordinaten (Equinoxe 2000)
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Alnitak (Stär), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.