Den Alexei Alexandrowitsch Balandin (Алексей Александрович Баландин), gebuer den 20.
Dezember">20. Dezember 1898 zu Jenisseisk a Sibirien a gestuerwen den 22. Mee 1967 zu Moskau, war e russesche Chimist. Hie war vun 1934 Chimieprofesser op der Moskauer Universitéit a Member vun der russescher Wëssenschaftsakademie vun 1946 un.
Alexei Alexandrowitsch Balandin | |
---|---|
Gebuer | 8. Dezember 1898 jul. Jenisseisk |
Gestuerwen | 22. Mee 1967 Moskau |
Nationalitéit | Sowjetunioun |
Educatioun | Lomonossow-Universitéit |
Aktivitéit | Chimist |
Member vun | Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Wëssenschaftsakademie vun der URSS |
Den Alexei Alexandrowitsch ass zweemol verhaft ginn a koum an de Gulag. Déi éischt Kéier 1936 obschonn hien ni politesch aktiv war. Deen Arrest huet mat engem Exil ze Orenburg geendegt.
De Balandin huet wichteg Aarbechten am Beräich vun der Heterogener Katalys geleescht an dëst souwuel theoreetesch wéi och praktesch. Fir d'Katalys z'erklären huet hien e Modell agefouert an deem en Transitiounszoustand op der Uewerfläch vum Katalysater entsteet. Do bilt sech tëscht de Reagenzien e Komplex deen net stabil ass.
An Zesummenaarbecht mam Nikolai Selinski huet de Balandin och an der Petrochimie gefuerscht. Do huet hien eng katalytesch "Neibildung" vun Alkanen a Cycloalkanen zu aromatesche Kuelewaasserstoffer duerch Dehydrogenéierung entwéckelt.
De Moundkrater Balandin dréit säin Numm.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Alexei Alexandrowitsch Balandin, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.