Den Alain Hamer, gebuer den 10.
Dezember">10. Dezember 1965 an der Stad Lëtzebuerg ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballsarbitter.
Alain Hamer | |
---|---|
Gebuer | 10. Dezember 1965 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Foussballschiidsriichter, Privatbeamten |
Hien huet seng Kannerzäit zu Péiteng verbruecht wou en och den éischte Kontakt mam Foussball krut an haut nach beim CS Péiteng lizenséiert ass. Hie schafft op der Raiffeisekeess a wunnt zu Waldbëlleg.
An der UEFA-Lëscht-2007 vun den internationalen Arbitteren, war hien ee vun de 24 Elite-Arbitteren.
Duerch en Accord tëscht der franséischer Foussballsfederatioun an der FLF, huet hie reegelméisseg Championnatsmatcher vun der Franséischer Ligue 1 arbitréiert.
2004 war den Alain Hamer als Arbitter selectionéiert fir bei der Foussballeuropameeschterschaft a Portugal z'arbitréieren.
Tëscht dem 27. Mee 1994 am 12. Oktober 2010 huet den Alain Hamer 37 Foussballlännermatcher als Arbitter geleet.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Alain Hamer, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.