Den Taraxacum belorussicum ass eng Planzenaart aus der Gattung Taraxacum (Pissblummen) an der Famill vun den Asteraceae.
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Se gouf 2003 vum wäissrussesche Biolog Waljeryj Zichamirau beschriwwen.
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
---|---|
Räich | Planzeräich |
Ënnerräich | Tracheobionta |
Ofdeelung | Bléieplanzen |
Klass | Dikotyledonen |
Ënnerklass | Rosopsida |
Uerdnung | Asterales |
Famill | Asteraceae |
Ënnerfamill | Cichorioideae |
Gattung | Taraxacum |
Wëssenschaftlechen Numm | |
Taraxacum belorussicum | |
Val.N.Tikhom., 2003 |
2003 gouf déi éischt Subpopulatioun a Wäissrussland entdeckt, a se gouf do als endeemesch ugesinn. Spéiderhi gouf den T. belorussicum awer och a Polen nogewisen. Béid Subpopulatioune si kleng awer d'Planze sinn net rar an hire Lokalitéiten. A Wäissrussland läit d'Verbreedungsgebitt vun der Aart op enger Wiss nieft dem Duerf Kaldyki am Woblasz Minsk, an d'polnesch Pissblumme wuessen an engem Gebitt am Nationalpark Biebrza beim Duerf Mścichy.
Den Taraxacum belorussicum ass eng relativ kleng Planz, mat grogrénge Blieder mat hellviolette Blatstiller. D'Infloreszenz ass ronn 2–3 cm am Duerchmiesser, mat giele Blummen. D'Chromosomenzuel : 2n=24.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Taraxacum belorussicum, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.