E Restaurant ass e kommerziellt Etablissement an deem ee géint Bezuelen eppes iessen an drénke kann.
E besteet generell aus engem oder méi Raim mat Dëscher a Still, un deenen d'Gäscht sëtzen, an enger Kichen, an där gekacht gëtt. Heiansdo huet e Restaurant och eng Terrass oder e Balcon. E Garçon oder eng Serveuse huelen d'Commande op, déi de Gaascht op enger Menüskaart eraussicht, zerwéieren d'Iessen a bréngen d'Rechnung.
Vill Restaurante bidden och "Take Away"/"à emporter" un, bei deem de Gaascht net op der Plaz ësst; oder si liwweren d'Iesse bei de Client heem, dee seng Commande per Telefon oder Internet ugëtt.
Et fënnt een all Zort Restaurante mat Iessen aus ënnerschiddleche Länner an ënnerschiddleche Präisser. Verschidde Restaurante bidde rondrëm d'Auer Iessen un; bei aneren ass d'Kichen nëmme zu bestëmmten Zäiten op (zum Beispill fir d'Mëttegiessen a fir d'Owesiessen). Déi meescht westlech Restaurante bidden alkoholescht Gedrénks un.
De Begrëff selwer kënnt aus dem Franséischen. De moderne Restaurant ass am 18. Joerhonnert zu Paräis entstanen.
Commons: Restauranten – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Restaurant, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.