De Petr Pavel, gebuer den 1.
November">1. November 1961 zu Planá u Mariánských Lázní, ass en tschechesche Politiker an zanter dem 9. Mäerz 2023 President vun der Tschechescher Republik.
Petr Pavel | |
---|---|
Funktioun | |
Partei | Onofhängeg |
Biographie | |
Gebuer | 1. November 1961 Planá |
Educatioun | King’s College London |
Bestuet mat | Eva Pavlová |
Papp | Josef Pavel |
Mamm | Marie Mojžíšová |
Hien huet seng berufflech Karriär an der tschechescher Arméi gemaach, wou en zulescht de Grad vun engem Generol hat. Hie war bis 2015 Chef vum Tschecheschen État-major, an dono bis 2018 President vum NATO-Militärcomité.
Bei den tschechesche Presidentschaftswalen 2023 huet hie sech den 28. Januar am 2. Tour géint den Andrej Babiš duerchgesat. Den 9. Mäerz gouf hie vereedegt.
Commons: Petr Pavel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Petr Pavel, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.