D'Marie-Thérèse Kolbach (oder Juchem-Kolbach), gebuer den 23.
Abrëll">23. Abrëll 1918 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen de 7. Februar 2009 zu Ettelbréck, war eng lëtzebuergesch Molerin an Zeechnerin, déi virun allem bekannt war fir hir Uelegbiller, Fresken a Wandmolereie respektiv Wanddekoratiounen.
Marie-Thérèse Kolbach | |
---|---|
Gebuer | 23. Abrëll 1918 Esch-Uelzecht |
Gestuerwen | 7. Februar 2009 Ettelbréck |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler |
Famill | |
Papp | Gustav Kolbach |
D'Marie-Thèrèse Kolbach huet vun 1938 bis 1939 op der Académie des Beaux-Arts vu Léck studéiert, spéider zu Tréier (1944), da vun 1946 bis 1947 a vun 1954 bis 1956 op der Académie royale des beaux-arts vu Bréissel.
1956 war si Laureatin vum Prix Potter, an 1964 krut si, zesumme mam Roger Koemptgen, de Prix Grand-Duc Adolphe.
Si hat individuell Austellungen ë. a. zu Esch-Uelzecht (Galerie municipale: 1959, 1960, Theater: 1999), an der Stad Lëtzebuerg (Galerie Bradtké: 1959, Galerie Scatola: 1976, 1977, Galerie Clairefontaine: 1995), zu Rued-Sir (al Kierch: 2001), zu Iechternach (Abtei: 2001). Si huet u kollektiven Austellungen am Stater Cercle, zu Munneref, Wolz, Dikrech, Buerglënster, Prüm, Bréissel, Monte-Carlo, Tokyo, Arel, Heidelberg, etc. deelgeholl.
Am Juli 2008 konnt een zu Beefort am Kader vun Art in Beaufort eng Retrospektiv vun hire Wierker gesinn.
Si war d'Duechter vum Dr. Gustav Kolbach a si war mam Victor Juchem (2.9.1925 - 22.4.2006) bestuet. De Mann war aus der Fiels, mä d'Koppel huet zu Esch-Uelzecht gewunnt, wou de Victor Juchem eng Filial vun der Spuerkeess geleet huet. No senger Pensionéierung am Joer 1980 si si op Beefort geplënnert.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Marie-Thérèse Kolbach, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.