Marabou ass eng schweedesch Schockelasmark.
Si gouf 1916 vum norwegesche Chocolatier Johan Throne Holst (1868-1946) gegrënnt, dee schonn an Norwegen e grousse Succès mat der Schockelasmark Freia hat. D'Mark ass nom Stuerk Marabu benannt, deen op der Verpakung ze gesi war. D'Produktion gouf 1919 an enger Fabrick zu Sundbyberg baussent Stockholm lancéiert.
1990 si Freia a Marabou fusionéiert an déi nei Firma gouf 1993 vu Kraft Foods Inc., der haiteger internationaler Liewensmëttelentreprise Mondelez International, fir dräi Milliarden Norwegesch Krounen opkaf.
De Slogan "Mmm…Marabou" gouf 1956 agefouert a gëtt och haut nach benotzt.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Marabou (Schockela), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.