La Gomera ass eng vun de siwen Haaptinsele vun de Kanaren a Spuenien.
Et ass déi zweetklengst, no El Hierro.
La Gomera läit am Atlantik a gehéiert zu der Provënz Santa Cruz de Tenerife an d'Haaptstad ass San Sebastián de la Gomera.
La Gomera huet eng Fläch vun 378 km² a läit tëscht La Palma, El Hierro an Teneriffa. D'Form ass bal ronn an hiren Duerchmiesser vun der westlecher Spëtz (Punta de la Calera) bis un déi ëstlech Spëtz (Punto de San Cristóbal) huet zirka 25 km. Zwëscht dem nërdlechste Punkt (Punta de los Órganos) an der Südspëtz (Punta del Becerro) leien 22 km.
Den héchste Punkt op der Insel ass de Bierg Pico Alto de Garajonay, deen 1.487 m héich ass.
D'Längt vun der Küst huet 90 km.
D'Gemenge vu La Gomera sinn:
La Gomera gouf schonn an de Joren 90 bis 168 vu klasseschen Auteure wéi dem Ptolomäus ernimmt.
Am 12. Joerhonnert gouf d'Insel vun enger Expedition besicht déi vum Alfonso de Benigono vun Aragón geschéckt gouf.
1404 gouf La Gomera bei engem kastilesche Feldzuch eruewert a vu 1445 un vu verschiddene Generatioune vun enger Famill regéiert, wouvun deen éischten den Hernán Peraza war.
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
De Garajonay-Nationalpark steet op der UNESCO-Lëscht vum Weltnaturierwen.
Commons: La Gomera – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article La Gomera, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.