Dës Lëscht vun den UNO-Organer ass en Deel vun de Referenztabellen
Zanter hirer Grënnung 1945 huet d'Haaptorganisatioun vun de Vereenten Natiounen en enormt Netzwierk un Ënner- an Niewenorganisatioune ronderëm hir sechs Haaptorganer opgebaut. En ettlech Kommissiounen an Departementer hunn eng reng bürokratesch oder technesch Funktioun, anerer sinn héichspezialiséiert hallefautonom Organisatiounen an Agencë. En drëtte Grupp sinn Institutiounen déi zwar -strikt gesinn- rechtlech net méi zum UNO-Apparat gehéieren, duerch Traitéen awer enk un e gebonne sinn.
Déi meescht -net reng bürokratesch- Ënnerorganisatioune gi vum Wirtschafts- a Sozialrot koordinéiert.
Nieft deem datt all sekundär Organer op verschiddenen Niveauen operéieren, gëllt fir s'all, datt se keng selbstänneg politesch Decisiounen huele kennen. Politesch Entscheedunge gi nëmmen um Niveau vun den Haaptorganer getraff a si sinn et och déi eleng vëlkerechtleche Status hunn.
Cour pénale internationale (CPI) (Internationale Geriichtshaff fir Strofrecht) mat zousätzlechen ad hoc gegrënnten, temporäre Comitéen a Geriichtshäff fir Strofrecht (Tribunaux pénals internationaux)
Friddenssécherung (UN-Peacekeeping): d'Operatioune vun den UNO-Friddenstruppen (Blohelmer) hunn all hir eege Verwaltungsapparater.
Organer vun der Generalversammlung
Spezialprogrammer a Fondsen
WFP (Welternierungsprogramm)
UNDP (Entwécklungsprogramm)
UNIFEM (Entwécklungsfonds fir Fraen)
UNV (Programm fir fräiwëlleg UNO-Mataarbechter)
UNEP (Ëmweltprogramm)
UNO-Habitat (Programm fir mënschegerecht Wunnen)
UNO-Héichkommissariat fir Flüchtlingen (UNHCR)
UNICEF (Kannerhëllefswierk vun de Vereenten Natiounen)
UNCTAD (Handel an Entwécklung)
UNFPA (Bevëlkerungsfonds)
UNRWA (Hëllefswierk fir Palestina-Flüchtlingen am Noen Osten)
Recherche a Formatioun
UNRISD (Sozial Entwécklung)
UNIDIR (Entmilitäriséierung)
UNITAR (intern Organisatioun vun der UNO)
INSTRAW (Promotioun vun de Fraen)
UNICRI (Präventioun vun der Kriminalitéit)
Aner Organer
COPUOS - (Friddlech Exploitatioun vum Weltraum)
OHCHR - (Büro vum Héichkommissariat fir Mënscherechter)
UNOPS (UN Office for Project Services)
UNU (Universitéit vun der UNO)
UNOOSA (Ekonomie a Weltraum)
UNSSC (UN System Staff College)
UNAIDS (Koordinatioun vu Projete géint d'Weiderverbreedung vum HIV/AIDS)
Organer vum Generalsekretariat
OSG (Büro vum Generalsekretär)
OIOS (Office of Internal Oversight Services)
OLA (Büro fir Justizaffären)
DPA (Departement fir politesch Affären)
DDA (Departement fir Entmilitäriséierung)
DPKO (Departement fir Friddensoperatiounen)
OCHA (Büro fir d'Koordinatioun vun der humanitärer Hëllef)
DESA (Departement fir wirtschaftlech a sozial Froen)
DGACM (Departement vun der Generalversammlung an dem Konferenzmanagement)
DPI (Departement fir Ëffentlechkeetsaarbecht)
DM (Managementdepartement)
OIP (Büro fir den Irak Programm)
UNSECOORD (Büro vum UNO-Sécherheetskoordinator)
OHRLLS (Büro vum héije Representant fir déi am mannsten entwéckelte Länner, Länner ouni Zougang zum Mier a klengen Inselstaaten)
D'Spezialiséiert Agencë sinn autonom Organisatiounen, déi enk mat de Vereenten Natiounen zesummeschaffen a vum Wirtschafts- a Sozialrot koordinéiert ginn.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Lëscht vun den UNO-Organer, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses. ®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.