Engie ass eng franséisch Entreprise, déi am Energiesecteur aktiv ass.
Si schafft an der Produktioun an Distributioun vun elektreschem Stroum a Gas.
Engie | |
---|---|
Typ | Aktiegesellschaft (SA) |
Grënnungsdatum | 22. Juli 2008 |
Sëtz | La Défense, Courbevoie Frankräich |
Mataarbechter | 160.000 (2018) |
Ëmsaz | 61 Milliarden € (2018) |
Branche | Energieliwwerant |
Homepage | engie.com |
Engie ass den 22. Juli 2008 mat der Fusioun tëscht Gaz de France (GDF) a Suez entstanen. 2010 huet GDF Suez, wéi d'Entreprise dunn nach geheescht huet, déi brittesch Firma International Power opkaaft. Zënter 2015 heescht de Grupp offiziell "Engie".
De franséische Staat war 2021 mat 24% vun den Aktien de gréissten Aktionär vun Engie.
De Sëtz vun Engie ass zu Courbevoie am Quartier La Défense, bei Paräis.
D'Entreprise gëtt op de Bourssen zu Paräis, Bréissel a Lëtzebuerg kotéiert an ass en Deel vun de Bourssenindexen CAC 40 a BEL20.
Commons: Engie – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Engie, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.