D'Bouvetinsel (norwegesch Bouvetøya) ass eng onbewunnt Vulkaninsel um Südatlantesche Réck, ronn 2.500 Kilometer südwestlech vum südafrikanesche Kap vun der Gudder Hoffnung.
Zesumme mat e puer Nieweninselen a -fielsen, dorënner Larsøya, Store-Kari a Litle-Kari, ass et ee Gebitt dat vun Norwegen ofhänkt (norwegesch Biland), dat awer net als Deel vum Kinnekräich Norwegen gëllt.
Bouvetinsel | |
---|---|
Bouvetøya | |
De Kap Valdivia op der Bouvetinsel | |
Geographie | |
Kontinent | Antarktika |
Land | Norwegen |
Läit an/am | Atlanteschen Ozean |
Koordinaten | 54°25'12"S, 3°21'36"O |
Fläch | 49 km² |
Längt | 9 km |
Breet | 7,5 km |
Héchste Punkt | Olavtoppen (780 m) |
Verwaltung | |
Verwaltungseenheet | Norwegen |
Demographie | |
Awunner | 0 |
Aner Informatiounen | |
Entdeckt | 1. Januar 1739 |
Genannt no | Jean-Baptiste Charles Bouvet de Lozier |
Zäitzon | UTC±0 |
Internet TLD | .bv |
D'Bouvetinsel gehéiert zu den entleeënsten Inselen op der Welt, an ass eng vun deenen, déi am schwieregsten z'erreeche sinn. Den nooste Kontinent ass d'Antarktis (Kap Sedow, Kinnigin-Maud-Land), gutt 1.700 km südlech dovun.
D'Insel ass 9 km laang a bis zu 7,5 km breet an huet eng Fläch vun 49 km², wouvun 93 % Gletscher sinn.
Commons: Bouvetinsel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Bouvetinsel, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.