Berlin Hauptbahnhof ass d'Haaptgare zu Berlin.
Se ass, vum Gebai hier, déi gréisst an Europa, a vum Passagéieropkommen hier déi véiertgréisst an Däitschland. Se gouf vum Meinhard von Gerkan entworf, an no 11 Joer Bauzäit, de 26. Mee 2006 ageweit. Se steet matzen a Berlin, am Südoste vum Quartier Moabit, tëscht der Invalidenstraße an den Uwänner vun der Spree a vum Humboldthafen, do, wou fréier de Lehrter Bahnhof, resp. de Lehrter Stadtbahnhof stoung.
Et ass eng Gare op 5 Niveauen, wou all grouss Linnen, déi duerch Berlin fueren, stall halen - eng 1200 Zich den Dag. Ronn 300.000 Passagéier klammen do all Dag eran oder eraus. Se ass flankéiert vun zwéin 46 Meter héijen Tierm mat Büroen dran, laanscht déi 6 Panoramalifter erop- an eroffueren.
Hire Bau gouf kuerz no der Erëmvereenengung decidéiert, an d'Aarbechten, fir déi d'Spree huet missen zäitweileg deviéiert ginn, hunn 1993 ugefaagen. Vun 1995 bis 2005 goufen d'Tunnelen ënner dem Tiergarten gebuert, 4 fir Fern- a Regionalzich, 2 fir de Metro an e Stroossentunnel. 2001-2005 goufen déi 460 m laang Brécke vun der S-Bahn, déi iwwer d'Gare an den Humboldthafen ewechginn, gebaut. D'Gebai vun der Gare, an d'Tierm, goufen 2005 opgeriicht.
D'Gare Berlin Hauptbahnhof ass net nëmmen e Kräiz vun Zich aus Ost-West- an aus Nord-Süd-Richtung, ma och nach en Halt fir de Metro (U-Bahn 5, virdrun: U-55) an d'Regionalzich (S-Bahn).
Vun Ost no West verlafen, op engem Viaduc vun 10 Meter Héicht, 6 Gleiser, wouvunner 2 fir d'S-Bahn. D'Nord-Süd-Achs, 15 Meter ënner dem Buedem, huet der 8, plus zwéi fir de Metro.
Commons: Berlin Hauptbahnhof – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Berlin Hauptbahnhof, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.