Den Theobald Theodor Friedrich Alfred von Bethmann Hollweg, gebuer den 29.
November">29. November 1856 zu Hohenfinow, an der Provënz Brandenburg, an och do den 1. Januar 1921 gestuerwen, war en däitsche Politiker an der Zäit vum Keeserräich. Hien huet seng Carrière als Beamten an der Administratioun ugefaang an huet bis zu seng Amtsszäit als Reichskanzler vun 1909 bis 1917 gefouert. Vun 1905 bis 1907 war hien Inneminister a Preisen, vun 1907 bis 1909 Staatssekretär des Innern vum Däitsche Räich.
Theobald von Bethmann Hollweg | |
---|---|
Gebuer | 29. November 1856 |
Gestuerwen | 1. Januar 1921 |
Doudesursaach | Longenentzündung |
Nationalitéit | Däitschland |
Educatioun | Universitéit vu Stroossbuerg |
Aktivitéit | Politiker, Jurist |
Partei | Onofhängeg |
Den Theobald von Bethmann Hollweg hat liberal politesch Vuën a stoung der Fortschrittliche Volkspartei no. Hie gesouch seng Roll als Kanzler als iwwerparteilech an hien huet sech drëms beméit, en Ausgläich tëscht Sozialdemokratie a Konservatismus ze fannen (Politik der Diagonalen oder Burgfriedenspolitik genannt). Dëst huet him Luef, am virun allem och Kritik vu béide Säiten abruecht. Seng Roll am Ufank vum Éischte Weltkrich ass kontestéiert. 1914/15 huet hie sech zwar dem extremen Annexionismus vu rietse Kreesser entgéintgestallt, huet awer och selwer Krichsziler verfollegt, déi zimmlech wäit gaange sinn. 1916/17 huet hie probéiert, e Fridden auszehandelen (op Basis vun enger méi staarker Positioun vun Däitschland an deem Ament). Et koum zum Konflikt mam État-major vun der Arméi (Paul von Hindenburg an Erich Ludendorff), sou datt hien den 13. Juli 1917 entlooss gouf (de Georg Michaelis gouf säin Nofollger).
Commons: Theobald von Bethmann-Hollweg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Theobald von Bethmann Hollweg, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.