De Séi Genesareth läit am Jordan-Dall, am Norde vum Staat Israel.
Dëse Geographiesartikel iwwer Asien ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Séi läit 212 m ënner dem Mieresspigel an ass domat den déifstgeleeëne Séi vun der Welt. Mä hien ass net ganz déif (46 m op der déifster Plaz). Hien ass - jee no sengem Waasserstand - bis zu 21 km laang, an op senger breetster Plaz, 12 km breet.
De wichtegste Floss, deen de Séi Genesareth speist, ass de Jordan, dee vun Norden an de Séi fléisst. Am Süde leeft de Jordan da weider a Richtung vum Doudege Mier. Op Plaze gëtt et warem Quellen, ënner anerem bei Tiberias. Duerch dës warem Quelle gouf de Séi schonn an der Antiquitéit fir Erhuelung opgesicht. Am Séi Genesareth si vill Fësch. De Péitrusfësch (fr. Saint Pierre) ass eng Delikatess déi een do an all Restaurant opgedëscht kritt. Direkt um Südwestufer läit déi gréisst Uertschaft, Tiberias. De Séi Genesareth ass sou bekannt, well de Jesus vun Nazaret do gewierkt huet an dréchenes Fouss iwwer d'Waasser gaangen ass. Vill Uertschaften um Séi an an der Noperschaft erënneren un d'Evenementer aus der Bibel.
De Séi Genesareth ass de gréisste Waasserreservoir an Israel. 1964 gouf de National Water Carrier gebaut. Dat ass ee vun de gréisste Verdeelungssystemer vun Drénkwaasser op der Welt. Eng Leitung vun 2,75 m Duerchmiesser leet d'Waasser an de Groussraum Tel Aviv a bis an d'Negev Wüst.
Um Séi an a senger Noperschaft gëtt et vill Uertschaften a Plazen, déi aus der Bibel bekannt sinn, wéi:
Commons: Séi Genesareth – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Séi Genesareth, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.