Paul Finet: Belsche Gewerkschaftler

De Paul Finet gebuer 1897 zu Montignies-sur-Sambre, gestuerwen den 18.

Mee">18. Mee 1965 zu Lëtzebuerg war e belsche Gewerkschafler. Vun 1952 bis 1958 war hie Member a vun 1958 bis 1959 President vun der Héijer Autoritéit vun der CECA.

Paul Finet
Paul Finet: Belsche Gewerkschaftler
Gebuer 4. November 1897
Montignies-sur-Sambre
Gestuerwen 18. Mee 1965
Lëtzebuerg
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Politiker, Gewerkschaftler
Paul Finet: Belsche Gewerkschaftler

Als Gewerkschaftler an néngte Member war hien 1952 vu sengen 8 Kolleegen, déi vun de Memberslänner genannt waren, kooptéiert ginn. Zesummen hu se den 10. August 1952 zu Lëtzebuerg hir Funktiounen opgeholl.

Säi Liewen a säi Wierk

De Paul Finet war e self made man. Seng Karriär huet en ugefaangen als Metallaarbechter. Direkt nom Zweete Weltkrich ass e vum Internationale Bond vun de Fräie Gewerkschaften zu hirem President gewielt ginn. Hie war Gewerkschaftler duerch an duerch. An der Héijer Autoritéit huet hie sech intensiv fir d'Intérête vun den Aarbechter an hire Famillen agesat. Wann d'Héich Autoritéit vill um Gebitt vun der Ëmschoulung, der Ënnerstëtzung vun Affer vun Accidenter, der Bekämpfung vun de Beruffskrankheeten an dem Bau vun Aarbechterwunnenge gemaach huet, dann hat de Paul Finet dorun e grousse Verdéngscht.

Hien hat och d'Vertraue vun de Regierunge vun de Memberslänner. De Bewäis dofir war, datt hien 1957, wéi d'Kuelekris ausgebrach ass, zum President vun der Héijer Autoritéit bestëmmt gouf, eng Funktioun, déi hie bis 1959 ausgeübt huet. Och no senger Aktivitéit an den europäesche Gremie war hie viru gewerkschaftlech aktiv. Hie gouf den 18. Mee 1965, matzen an der Aarbecht aus dem Liewe gerass, am Alter vun nëmmen 68 Joer. Hie gouf um Nikloskierfecht begruewen.

De President Paul Finet an d'Sëtzfro

Als President vun der Héijer Autoritéit war de Paul Finet och vum President vum Europäesche Ministerrot Victor Larock gebiede ginn, fir en Avis iwwer d'Sëtzfro ofzeginn. Zesummegfasst, huet hien a sengem Bréif vum 19. Juni 1958 déi follgend Stellung bezunn:

  • Hien huet sech fir en eenzege Sëtz (Siège unique) fir sämtlech Instutiounen ausgeschwat.
  • Hien huet fir d'Kreatioun vun engem District fédéral plaidéiert.
  • Hien huet Bréissel als Siège unique proposéiert, an der Hoffnung, datt déi belsch Autoritéiten do en District fédéral géife schafen

Liest de Bréif, deen den Europäesche Centre de recherche ENA elo fräi ginn huet

Fir seng grouss Verdéngschter am soziale Beräich ze honoréiere gouf eng Stëftung vun der CECA op den Numm Fondation Paul Finet gedeeft.

Um Spaweck

Tags:

18. Mee18971965BelschCECALëtzebuerg (Stad)

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Wale fir d'Europäescht Parlament 2024 (Lëtzebuerg)Charlotte vu Lëtzebuerg5. MeeMyriam Spiteri DebonoBhumibol AdulyadejUniform Resource LocatorLëtzebuerg (Stad)Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng LëntgenFC Porto10. FebruarKommunikatiounssatellit1900Côte de La Redoute1945Christian WeisWikipediaVera TschechowaEuropa (Kontinent)16. MäerzSaratowFC Déifferdeng 03Eric ThillRéimechTali GolergantLëtzebuergesch KichespezialitéitenBuerg SimmerSchwäizSpotifyActioun LëtzebuergeschNordirlandMuttergottesliddUruguayHoratio NelsonEd LauterWaasserLex Weyer (1966)Golf vum OmanPatrick SanaviaLaosAntoine JansDan SpogenRaymond ClementNaomi AyéCôte de StockeuOmar SharifGustave SertaMichel LegrandLéif Lëtzebuerger...Pol LeursKontraktAbrëllsgeckVulvaKetty ThullMichel GehrendRobert GoebbelsJean-Pierre FlohrMinettsgéigendAli Ruckert29. JanuarBenito MussoliniDoudege Wénkel (Film)Athénée de LuxembourgYonas KindeRob DeltgenKënzeg1675Wikipedia op Däitsch(136199) ErisRoger DiederichJoerProsper Friob🡆 More