One-Reel Picture Show ass e Kuerzfilm vum lëtzebuergesche Regisseur Andy Bausch aus dem Joer 1983.
En ass d'Adaptatioun vun enger Kuerzgeschicht vum E. A. Poe, The Tell-Tale Heart, déi schonn e puermol virdru verfilmt gouf.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Produktiounsjoer | 1983 |
Ekipp | |
Regie | Andy Bausch |
Dréibuch | Andy Bausch |
Fotografie | Ender Frings |
Musek | Guy Schwarz Paul Fenton |
Produzent | AB Film-Produktion |
Schauspiller | |
Pol Hoffmann Jaengi Klapp Tom Spottiswood Jacqueline Heuschling Fred Junck | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
En hat am Oktober 1984 Première am Kinosch, wou en zesumme mat Van Drosselstein an ... der Däiwel gewise gouf.
True! - nervous - very, very dreadfully nervous I had been and am; but why will you say I am mad?
Dat ass den Ufank vum Poe senger 6-Säite Geschicht, déi 1843 fir d'éischt gedréckt gouf. Den Auteur léisst de Protagonist an der éischter Persoun erzielen, wéi en de Muerd un engem Mann, deen am selwechten Haus gewunnt huet, geplangt an ausgefouert huet. An dat, well een A vum Mann, deem vun engem Geier geglach huet, an him schrecklech Angscht agejot huet. En huet dunn den ale Mann ëmbruecht an ënner sengem Zëmmerbuedem verstoppt. Wéi Poliziste bei de Mäerder koumen, do huet e se souguer opgefuerdert fir d'Haus ze duerchsichen. Mä op eemol héiert en d'Häerz vum Doudege schloen,... ëmmer méi haart.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article One-Reel Picture Show, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.