De Gustaf Gründgens, gebuer den 22.
Dezember">22. Dezember 1899 als Gustav Heinrich Arnold Gründgens zu Düsseldorf a gestuerwen de 7. Oktober 1963 zu Manila, war ee vun de bekanntsten däitsche Schauspiller vum 20. Joerhonnert.
Gustaf Gründgens | |
---|---|
De Gustaf Gründgens 1936 als Hamlet | |
Gebuertsnumm | Gustav Heinrich Arnold Gründgens |
Gebuer | 22. Dezember 1899 Düsseldorf |
Gestuerwen | 7. Oktober 1963 Manila |
Doudesursaach | Iwwerdosis |
Nationalitéit | Däitscht Keeserräich, Weimarer Republik, Däitscht Räich 1933–1945, Däitschland |
Aktivitéit | Filmregisseur, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Filmproduzent |
Famill | |
Bestuet mat | Erika Mann, Marianne Hoppe |
Seng berüümtste Roll war déi vum Mephisto am Goethe sengem Faust. De Gründgens huet säin Talent och wärend der Nazizäit mat vill Succès zum beschte ginn (de Joseph Goebbels huet grouss Stécker op hie gehalen), wat de Klaus Mann (dem Thomas Mann säi Jong) dozou bruecht huet, d'Haaptfigur vu sengem Roman Mephisto op de Gründgens ze baséieren. De Gründgens huet als "Äntwert" de Film Friedemann Bach erausbruecht, an deem et drëm geet, wéi dem Johann Sebastian Bach säi Jong ouni Succès alles probéiert, fir aus dem Schiet vu sengem Papp erauszekommen.
Commons: Gustaf Gründgens – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Gustaf Gründgens, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.