De Gottfried Böhm, gebuer den 23.
Januar">23. Januar 1920 zu Offenbach am Main a gestuerwen den 9. Juni 2021 zu Köln war en däitschen Architekt a Sculpteur. Hie gëlt als ee vun de bedeitenden Architekte vum 20. Joerhonnert; verschidde vu sengen Entwërf - skulptural Bauten aus Beton, Stol a Glas gëllen als „Architektur-Ikonen des 20. Jahrhunderts“
Gottfried Böhm | |
---|---|
Gebuer | 23. Januar 1920 Offenbach am Main |
Gestuerwen | 9. Juni 2021 Köln |
Nationalitéit | Däitschland |
Educatioun | Technesch Universitéit München |
Aktivitéit | Architekt, Sculpteur, Universitéitsprofesser |
Member vun | Akademie der Künste Berlin, Europäesch Wëssenschafts- a Konschtakademie, Bayerische Akademie der Schönen Künste, Académie d'architecture |
Dem Böhm säin éischten eegestännege Bau war d'Kölner Kapell St. Kolumba. Seng wuel bekanntste Konstruktioun ass D'Kathedral Notre-Dame vun Neviges. 1986 gouf hien als éischten däitschen Architekt mam renoméierte Pritzker-Präis ausgezeechent.
Zu Lëtzebuerg ginn et zwéi Gebaier vun him: De Siège vun der Deutsche Bank Luxembourg um Kierchbierg an e Verwaltungsgebai am Schlassgaart zu Esch-Uelzecht, dat fir déi deemoleg Arbed gebaut gouf.
Commons: Gottfried Böhm – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Gottfried Böhm, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.