De Karolos Papoulias (gr.: Κάρολος Παπούλιας), gebuer de 4.
Juni">4. Juni 1929 zu Ioannina a gestuerwen de 26. Dezember 2021, war e griichesche Politiker.
Karolos Papoulias | |
---|---|
Gebuer | 4. Juni 1929 Ioannina |
Gestuerwen | 26. Dezember 2021 Athen |
Nationalitéit | Griicheland |
Educatioun | Universitéit vun Athen, Universitéit vu Mailand, Universitéit vu Köln |
Aktivitéit | Politiker, Rechtsberoder, Diplomat, Jurist |
Partei | PASOK |
Member vun | Parlamentaresch Versammlung vum Europarot |
Hie war vun 2005 bis 2014 Staatspresident vu Griicheland. Virdru war hien Deputéierten a vun 1985 bis 1989 a vun 1993 bis 1996 Ausseminister.
A sengem Jonktem huet de Papoulias Droit studéiert, ier en am Zweete Weltkrich an d'Resistenz gaangen ass fir géint déi däitsch Besatzung ze kämpfen. Wärend der Diktatur vun de Colonellen (1967-1974) huet e grad an Däitschland Asyl fonnt.
Duerno huet hien déi panhellenesch sozialistesch Partei (PASOK) matgegrënnt a gouf zweemol Ausseminister (1985-1989, 1993-1996).
Den 8. Februar 2005 gouf en op Propositioun vum konservative Premier Kostas Karamanlis zum President vun der Republik gewielt. Am Februar 2010 gouf en erëmgewielt.
2015 gouf de Prokopis Pavlopoulos säin Nofollger.
Commons: Karolos Papoulias – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Karolos Papoulias, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.