Den Europäesche Raumfluchkontrollzentrum (Kierzel ESOC fir englesch European Space Operations Centre) ass ee vun den Operatiounszentre vun der Europäescher Weltraumorganisatioun (ESA) mat Haaptsëtz zu Darmstadt.
E gouf den 8. September 1967 vum deemolegen däitsche Fuerschungsminister Gerhard Stoltenberg offiziell opgemaach.
Den ESOC ass de Missiounskontrollzentrum fir déi meescht Weltraumprojete vun der ESA. E betreit normalerweis knapps eng Doze Konzepter gläichzäiteg iwwer e weltwäit Netz vu Bunnverfollgungsstatiounen, zu deenen och d'Deep Space Network vun der NASA gehéiert.
Wärend dem Plange vum Projet hat d'ESOC gëeegent Fluch- an Ëmlafbunnen a Buedemverbindunge virgeschloen. Och d'Geforen duerch Weltraumschrott gi vun der ESOC iwwerwaacht.
Ënner dem Numm ESTRACK bedreift ESOC e weltwäit Netz vu Buedemstatioune mat Antennen zu Cebreros (Spuenien), Villafranca del Castillo (Spuenien), Maspalomas (Gran Canaria, Spuenien), Kiruna (Schweden), Kourou (Franséisch Guayana), Malindi (Kenia), New Norcia (Australien), Perth (Australien), Redu (Belsch) a Spitzbergen (Norwegen).
D'Bedeitung vum Zentrum hat am Laf vum leschte Joerzéngt mat ëmmer méi europäesche Raumfaartmissiounen zougeholl. Déi ëmfaassen ë. a. planetar Missiounen, Astronomie / Weltraumteleskopen, Äerd- an Ëmweltobservatiounen souwéi Hëllefsaarbechte bei bemannter Raumfaart an Navigatioun. Zu den aktuelle wichtege Missiounen, déi iwwer d'ESOC koordinéiert ginn, gehéieren XMM-Newton, Integral, Cluster II, Envisat, Mars Express, Venus Express, Rosetta souwéi den Herschel- a Planckteleskop.
Commons: ESOC – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Europäesche Raumfluchkontrollzentrum, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.