Indeschen Ozean: Drëttgréissten Ozean

Den Indeschen Ozean (kuerz: Indik, op indoneesesche Kaarten och Indoneeseschen Ozean genannt) ass mat 74,9 Millioune km² (zirka 14,7 % vun der Uewerfläch vun der Äerd) den drëttgréissten Ozean op der Äerd.

Seng déifst Plaz ass 8047 Meter ënner dem Niveau vum Mier. E grenzt un d'Antarktis, den afrikaneschen, asiateschen an den australesche Kontinent a faasst e Volume vun zirka 291,9 Mio km³.

Indeschen Ozean: Niewemierer, Inselen, Hafestied um Indeschen Ozean
Topographesch-bathymetresch Kaart

Niewemierer

Zu den Niewemierer gehéiereren d'Andamanemier, d'Arabescht Mier, de Golf vu Bengalen, d'Grouss Australesch Bucht, de Golf vun Aden, de Golf vum Oman, de Kanal vu Mosambik, de Persesche Golf, d'Rout Mier an d'Strooss vu Malakka.

Inselen

Indeschen Ozean: Niewemierer, Inselen, Hafestied um Indeschen Ozean 
Kaart vum Indeschen Ozean

Am Indeschen Ozean leien d'Inselstaaten Indonesien, Madagaskar a Sri Lanka. Eegestänneg Inselgruppe sinn d'Komoren (mam franséischen Departement vun déi Säit dem Mier Mayotte), d'Seychellen, Sansibar (mat der Insel Pemba) an d'Maldiven. D'Inselgrupp vun de Maskarenen setzt sech zesummen aus Mauritius mat der Insel Rodrigues an dem franséischen Iwwerséidepartement La Réunion.

D'Inselgrupp Sokotra gehéiert zu derr Republik Jemen. Den indeschen Uniounsterritoire Andamanen an Nikobaren besteet aus den Inselgruppen Andamanen an Nikobaren. D'Inselgruppe Lakkadiven an Amindiven an och d'Insel Minicoy bilden zesummen den indeschen Uniounsterritoire Lakshadweep.

De Chagos-Archipel mat der Haaptinsel Diego Garcia ass de leschte Britteschen Territoire am Indeschen Ozean. D'Insel Phuket gehéiert zu Thailand.

Zu Australien gehéieren d'Chrëschtdagsinsel, d'Kokosinselen, d'Heard- a McDonald-Inselen, d'Ashmore- a Cartier-Inselen.

Zum Indeschen Ozean gehéiere weiderhin d'Franséisch Süd- an Antarktisterritoiren Kerguelen.

Hafestied um Indeschen Ozean

Um Spaweck

Commons: Indeschen Ozean – Biller, Videoen oder Audiodateien

Literatur

  • Peter Lehr: Region Indischer Ozean - Illusion oder Realität? Heidelberg, 2004
  • Stephan Conermann (Hg.): Der Indische Ozean in historischer Perspektive, EB-Verlag, Hamburg 1998 (= Asien und Afrika 1), ISBN 3-930826-44-5

Tags:

Indeschen Ozean NiewemiererIndeschen Ozean InselenIndeschen Ozean Hafestied um Indeschen Ozean Um SpaweckIndeschen Ozean LiteraturIndeschen OzeanAfrikaAntarktisAsienAustralienFlächIndonesienKontinentOzeanQuadratkilometerÄerd

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Joseph KutterC++Philippe FelgenComputerUn der AtertHenri LujaBoulevard de la PétrusseKënschtlech IntelligenzEdsunKepler-32Henri LoschRaymond ClementBaryzentrum29. Mäerz22. FebruarWorld Wide Web1897Star TrekRouletteEise PappOoops! The Adventure ContinuesPortugiseschAlexandra SchoosEngleschRTL Télé LëtzebuergKasachstan11. JanuarLycée technique de BonnevoieHeintz Van LandewyckClaude RadouxCesc FàbregasSierra Leone(2060) ChironSchluecht vun TrafalgarMäerzDe Superjhemp retörnsConservatoire vun der Stad LëtzebuergWikipediaKlibberenHollänneschHooverphonicSebastian KurzRudolf SchündlerKiewProvënz MadridGrethe WeiserJohn Ernest DoliboisJair BolsonaroNic PaulyFinnlandOrganisatioun vum Nordatlantik-TraitéSender vu BeidlerCharles KohlJohn LockeBetelgeuse (Stär)GalaxisWässegKoptesch KierchWill Smith1898Absolut HellegkeetGuy SchonsCR1597. AugustLégion d'honneurFechtenSüdafrikaLibyenBitcoin🡆 More