Waasserstoff: Cheemescht Element

Waasserstoff ass e cheemescht Element mat dem Symbol H (fir hydrogenium, „Waasserproduzent“ op Latäin) an der Uerdnungszuel 1 am Periodesystem vun den Elementer.

Eegenschaften
Waasserstoff - Helium
 
H
Li  
 
 
1s1
1
1
H

Seng relativ Atommass ass 1,00794.

Et ass vun allen Elementer dat mat der niddregster Atommass. Waasserstoff besteet nëmmen aus engem Kär mat engem Proton an engem Elektron dee ronderëm de Kär dréint. Et ass dat heefegst Element am Universum (93 % vun der Mass vun allen Atomen). Stären (an domat och d'Sonn) bestinn haaptsächlech aus Waasserstoff. All anert Element ass am Laf vun der Zäit aus Waasserstoff gebilt ginn.

Ënner de Bedéngunge wéi se normalerweis op der Äerd virkommen, kënnt net dësen atomare Waasserstoff vir, mä seng dimeriséiert Form, de molekulare Waasserstoff H2, wat e Gas ouni Faarf a Geroch ass.

Bei bestëmmte cheemesche Reaktiounen entsteet Waasserstoff fir kuerz Zäit atomar als H, och naszéierende Waasserstoff genannt. E reagéiert an dëser Form besonnesch staark mat aneren Elementer oder Verbindungen.

Geschicht

Den englesche Chimist Henry Cavendish ass den Entdecker vum Waasserstoff. 1766 huet hie Waasserstoff produzéiert andeems e Saier op Zénk geschott huet. Hien huet dee Gas, deen dobäi entstanen ass, als "brennbar Loft" bezeechent. Well hien et als spezifesch Substanz identifizéiert huet, huet e gesot et wier en Element.

Hydrogen Spectrum Test

Virkommen

An 100 Millioune Liter Loft si 5 Liter Waasserstoff. Der Äerd hir Unzéiungskraaft geet net duer fir de Waasserstoff zeréckzehalen, nëmmen op Planéite wei Saturn a Jupiter geet d'Gravitatiounskraaft duer. De Waasserstoff fënnt een haaptsächlech a gebonnener Form erëm wei am Waasser.

Hierstellung

Dem Cavendish seng Method bei där een op en onedelt Metall eng verdënnt Saier schëtt gëtt nach haut an de Laboratoire benotzt fir Waasserstoff hierzestellen.

Um Spaweck

Commons: Waasserstoff – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

Waasserstoff GeschichtWaasserstoff VirkommenWaasserstoff HierstellungWaasserstoff Um SpaweckWaasserstoffAtommassCheemescht ElementLatäinPeriodesystem vun den ElementerUerdnungszuel

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Planetareschen NiwwelFamill (Biologie)Fränk Schleck19951960Jean HussAmerican Broadcasting Company1963Bouneweger Lycée LuxembourgMëttelalter1914Regierung Juncker-PolferLycée technique agricoleGrammy Awards1200Marie HeinzStar WarsPakistanGeorgia.jmSex and the CityO. J. SimpsonLucien BarouxPilo Fonck1069Mars (Planéit)ÉisträichLokal administrativ Unitéit5. JuliJohny FlickWikiNGC 138GileppetalspärBlanche WeberDonneschdegFrankräichZéif2002Lewis CarrollAlternativ Demokratesch ReformparteiStralungLëtzebuergesch KichespezialitéitenWorld Wide WebTelefonNew York CityChileNGC 132Félix Koch10. JanuarInternetBarriär (Eisebunn)18. Januar11. MäerzAndorraFoussballBrasilienLëscht vun de lëtzebuergesche VerdeedegungsministerenAndy BauschD'Margréitchen1724Lycée Edward-Steichen1852Mandy Graff6. JuniPlëss d'AremKoalitiounskricherHannes AlfvénAuteursrechtPolvermillenMatthew Perry5. Abrëll🡆 More