Astronomie: Wëssenschaft vum Ënnersiche vun Himmelskierper

Astronomie ass e Begrëff fir déi Branche vun den Naturwëssenschaften, déi sech mat der Erfuerschung vum Universum ofginn, dat heescht, mat der Verdeelung a Beweegung, de physikaleschen Eegenschaften an Zoustänn, dem Entstoen, der Entwécklung an der Zesummesetzung vun der Matière am Weltraum a mat der Entwécklung an de Strukture vum Kosmos am grousse Ganzen.

D'Astronomie ass déi eelst Naturwëssenschaft iwwerhaapt.

Den Numm Astronomie kënnt aus dem Griicheschen άστρον (ástron - Stär) an νόμος (nomos - Gesetz). D'Astronomie beschäftegt sech nieft de Planéiten a Fixstären och mat Galaxien a villen aneren Himmelsobjeten. An der Astronomie fanne sech awer och Erkenntnesser aus anere Fachgebidder, wéi zum Beispill der Physik, der Chimie, der Geologie, der Geophysik, der Mineralogie, der Biologie, der Mathematik, der Kartographie an nach aneren.

Astronomie: Astronomie, Spezialgebidder vun der Astronomie, Literatur zum Theema
Amateurastronomen

Astronomie

Duerch d'visuellt Betruechte vum Nuetshimmel an dem Laf vun de Planéiten an der Sonn gëtt Astronomie schonn zanter Joerdausende bedriwwen. Zanter véierhonnert Joer ginn Teleskope benotzt; zu de Pionéier gehéiert ënner anerem de Galileo Galilei.

D'19. Joerhonnert huet grouss Fortschrëtter mat sech bruecht, besonnesch duerch d'Fotografie an d'Spektroskopie. An der Mëtt vum 20. Joerhonnert koum d'onbemannt a bemannt Raumfaart derbäi. Mëttlerweil gëtt mat de verschiddenste physikalesche Methoden all elektromagnéitesch Stralung déi aus dem Weltraum kënnt beobacht.

Spezialgebidder vun der Astronomie

Literatur zum Theema

Kuckt och

Astronomie: Astronomie, Spezialgebidder vun der Astronomie, Literatur zum Theema  Portal Astronomie

Um Spaweck

Commons: Astronomie – Biller, Videoen oder Audiodateien

Lëtzebuerg

De Rescht vun der Welt

Tags:

Astronomie Astronomie Spezialgebidder vun der Astronomie Literatur zum TheemaAstronomie Kuckt ochAstronomie Um SpaweckAstronomieKosmosNaturwëssenschaft

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

NGC 1353. Arrondissement vu ParäisRTL Radio Lëtzebuerg6. AugustGeorgiaFligel (Piano)Gei2015SumatraGemeng WolzLycée Josy-Barthel MamerZens (Stad Lëtzebuerg)Regierung Juncker-PolferLe CorbusierSchëld B, 6Hernán CortésOrdre de la couronne de chêneBibliothèque nationale de FranceLuxemburger WortHuelen Zant1800New York CityTroublemakerStar WarsMeeAgnostizismusCorinna HarfouchMusée d'art moderne grand-duc JeanGenfCharles ArendtHéichuewenMinsk21. Juli24. OktoberRichard NixonComicsBitcoinCercle municipalMaacher LycéeDésirée Nosbusch20131955UngarnMatthew PerryHenri AckermannAischylos2024Grad (Wénkel)The Family of ManHeywood HardyBelschJazzWorld Wide WebJohny FlickLycée technique pour professions éducatives et sociales19421852HaaptsäitTélévieLëscht vun de Länner no FlächSt. Stephans Basilika2018StuttgartRita Levi-MontalciniJawsApdikt🡆 More