2011: Joer

◄ | 20.

Joerhonnert | 21. Joerhonnert    
◄◄ | ◄ | 2007 | 2008 | 2009 | 2010 | 2011 | 2012 | 2013 | 2014 | 2015 | ► | ►►

Dës Säit befaasst sech mam Joer 2011.

2011: Evenementer, Konscht a Kultur, Wëssenschaft an Technik
Callicot fir d'Aféiere vum Euro an Estland, 2011, ze begréissen.

D'Joer 2011 huet op engem Samschdeg ugefaangen.

Evenementer

Europa

Lëtzebuerg

Afrika

2011: Evenementer, Konscht a Kultur, Wëssenschaft an Technik 
Fändel vum Südsudan.

Amerika

  • 02. Mee: D'virgezunnen Neiwale fir d'federaalt Parlament a Kanada gi vun der Konservativer Partei vum Premierminister Stephen Harper gewonnen.

USA

2011: Evenementer, Konscht a Kultur, Wëssenschaft an Technik 
D'Äerdbiewen a Japan

Mëttel- a Südamerika

Asien

  • 06. Februar: De Jhala Nath Khanal gëtt Premierminister am Nepal.
  • 11. Mäerz: Bei engem Äerdbiewe vun der Stäerkt 9,0 virun der Ostküst vu Japan a virun allem dem Tsunami, deen doduerch entstanen ass, si 15.840 Leit ëm d'Liewe komm (derbäi kommen 3.926 Vermësster) an hunn Honnertdausenden hiert Doheem verluer. Dobäi ass och de Killsystem vun de Reaktere vun der Atomzentral Fukushima I zäitweileg ausgefall, et koum zu der Kärfusioun an 3 Reakteren, a Radioaktivitéit ass an d'Ëmwelt geroden. Eng Zon vun 20 km Ëmkrees gouf komplett evakuéiert, eréischt no Woche konnten d'Reaktere méi oder manner stabiliséiert ginn. D'Schied sinn am dräistellege Milliardeberäich.
  • 12. Juni: Bei de Parlamentswalen an der Tierkei gewënnt d'Partei fir Gerechtegkeet an Entwécklung (AKP) ënner dem Prmeier Recep Tayyip Erdogan mat 326 vu 550 Sëtz.
  • 03. Juli: Déi oppositionell Pheu Thai ("Partei fir d'Thaï"), mat un der Spëtzt der Yingluck Shinawatra gewënnt d'Parlamentswalen an Thailand.
  • 25. Juli: Den Truong Tan Sang trëtt säin Amt als Staatspresident vum Vietnam un, den Nguyen Tan Dung gëtt Premierminister.
  • 01. September: Nom Récktrëtt vum Naoto Kan gëtt de Yoshihiko Noda neie Premierminister a Japan.
  • 25. Oktober: Bei engem Äerdbiewen am Oste vun der Tierkei kommen iwwer 500 Mënschen ëm d'Liewen.
  • 04. Dezember: Bei de Wale fir d'Duma, d'russescht Parlament, kritt dem Premierminister Wladimir Putin seng Partei mat 238 vu 450 Mandater d'absolut Majoritéit.

Ozeanien & Pazifik

2011: Evenementer, Konscht a Kultur, Wëssenschaft an Technik 
Revolutioun an Egypten.

Arabesch Welt an Noen Osten

  • (uechtert d'Joer): Arabescht Fréijoer:
  • 14. Januar: No wochelaange Protester géint seng Regierung trëtt den tuneesesche President Zine el-Abidine Ben Ali no 23 Joer un der Muecht zeréck a verléisst d'Land; de Fouad Mebazaâ gëtt Interims-Nofollger.
  • 01. Februar: No Masseprotester gëtt de Marouf al-Bakhit vum Kinnek Abdullah II. vu Jordanien zum neie Regierungschef ernannt.
  • 11. Februar: Den egyptesche President Hosni Mubarak trëtt no 18 Deeg Protester géint hien, bei deenen eng 300 Leit ëm d'Liewe kommen, zeréck. D'Militär iwwerhëlt, bis zu enger Verfassungsännerung, Parlaments- a Presidentschaftswalen, d'Muecht am Land.
  • Mëtt Februar bis Mëtt Oktober: Fir d'éischt Protester, duerno Kämpf a Libyen géint den Diktator Muammar al-Gaddafi, bei deenen Dausende vu Leit ëm d'Liewe kommen. Eng Koalitioun, ugefouert vu Groussbritannien, Frankräich, Kanada an de USA flitt vum 19. Mäerz u Loftattacken op libesch Stellungen. D'Rebelle gewannen no an no Iwwerhand; den 20. Oktober gëtt de Gaddafi, deen op der Flucht war, gefaange geholl an erschoss.
  • 15. Mäerz: Ufank vu Protester géint d'Regime vum Baschar al-Assad a Syrien, déi sech an de Méint duerno an e Biergerkrich ausbreeden. Bis Mäerz 2018 koumen dobäi ronn 350.000 Mënschen ëm d'Liewen, 7 Millioune Leit si Flüchtlingen an den Nopeschlänner an an Europa, a weider 6,3 Millioune hu missen an aner Plaze bannent Syrie flüchten. 7 Joer nom Ausbroch ass nach ëmmer keen Enn an Aussiicht.
  • 21.-23. Oktober: Fräi Walen an Tunesien.
  • 29. November: No de Parlamentswale vum 25. November a Marokko gëtt den Abdelilah Benkirane zum Premierminister ernannt.

Konscht a Kultur

Molerei

Literatur

Musek

Kino

  • De César fir de beschte Film geet un Des Hommes et des Dieux vum Xavier Beauvois.
  • Den Oscar fir de beschte Film geet un The King's Speech vum Tom Hooper.
  • The Tree of Life vum Terrence Malick gewënnt d'Gëlle Palm um Filmfestival vu Cannes.

Wëssenschaft an Technik

  • 29. September: Tiangong 1, déi éischt chinesch Raumstatioun, gëtt mat der Drorakéit Laange Marsch 2F op Orbit geschéckt.

Sport

  • 09. Februar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt an der Stad Lëtzebuerg 2:1 géint Slowakei. Déi zwéi Goler fir d'Lëtzebuerger huet den Daniel da Mota geschoss.
  • 25. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2012, 0:2 géint Frankräich.
  • 29. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Piatra Neamt, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2012, 1:3 géint Rumänien. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Lars Gerson geschoss.
  • 01. Juni - 5. Juni De Linus Gerdemann gewënnt den Tour de Luxembourg 2011.
  • 03. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:1 géint Ungarn.
  • 07. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Minsk, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2012, 0:2 géint Wäissrussland.
  • 10. August: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Faro 0:5 géint Portugal.
  • 02. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2012, 0:2 géint Rumänien.
  • 06. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2012, 2:1 géint Albanien. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Gilles Bettmer an Aurélien Joachim geschoss.
  • 07. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Zenica, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2012, 0:5 géint Bosnien-Herzegowina.
  • 15. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:1 géint Schwäiz.

Gebuer

Gestuerwen

Um Spaweck

Commons: 2011 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Tags:

2011 Evenementer2011 Konscht a Kultur2011 Wëssenschaft an Technik2011 Sport2011 Gebuer2011 Gestuerwen2011 Um Spaweck201119. Joerhonnert20. Joerhonnert20012006200720082009201020122013201420152016202121. Joerhonnert

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Cathy ClementPlace de la ConstitutionPafemillenPéitruss (Film)2024Aline de Saint-HubertGemeng MunnerefBernard BuffetTraité vu VersaillesQuittEGoldstandardEngleschSchëld F, 9Marc DostertOns stadSantanderEsch-UelzechtOfkierzungNorbert SinnerBanque centrale du LuxembourgCharlotte vu LëtzebuergWikimediaKommunikatiounssatellitJangliDe FeierwonLiberté - Fräiheet!ISO 3166-1Broscht9Eschweiler (Wolz)PletschetteKulturPopmusekWikiVeianenBommeleeërYvette Gastauer-ClaireJean Georges HaméliusBlogO. J. Simpson23. MeeÉdouard Kutter (1887)Antoine MeyerDésirée NosbuschSchëld F, 17Société à responsabilité limitée (Lëtzebuerg)Leschte SteiwerLëtzebuergeschSlowakeiRiesenhaffMarc LambertLëscht vun de lëtzebuergesche SpréchwierderDavid GoldrakeStater TramHip-HopSchëld F, 13Institut polytechnique de ParisAmerika (Kontinent)DrottnarRéimechLëtzebuerg (Stad)SchweedeschSchëld C, 14Gemeng (Lëtzebuerg)Léon LavalLëtzebuerg am Zweete WeltkrichAnne-Marie BlancTelekommunikatioun🡆 More