14. Oktober: Den Nikita Chrustschow gëtt vum Plenum vum ZK aus senge Funktiounen entlooss. Den Alexej Kossygin gëtt Regierungschef, de Leonid Breshnew Parteichef.
15. Oktober: D'Labour Party gewënnt déi brittesch Parlamentswalen, den Harold Wilson gëtt Premierminister.
02. Juli: Den US-President Lyndon B. Johnson ënnerschreift d'Biergerrechtsgesetz (Civil Rights Act), dat d'Segregatioun ophieft.
07. August: Den US-Kongress votéiert eestëmmeg d'Tonkin-Resolutioun; domat kritt de President Johnson d'Vollmuecht, d'USA um Vietnamkrich ze bedeelegen.
03. November: De Lyndon B. Johnson gëtt mat 61,1 % vun de Stëmme géint de Republikaner Barry Goldwater zum President vun den USA gewielt.
Südamerika
31. Mäerz: Putsch a Brasilien ënner dem Generol Humberto Castelo Branco; Ufank vun der 21 Joer laanger Militärdiktatur.
06. August: De Víctor Paz Estenssoro gewënnt d'Presidentschaftswalen a Bolivien.
03. November: Den Eduardo Frei Montalva gëtt neie Staatspresident am Chile.
04. November: De bolivianesche Vizepresident René Barrientos Ortuño putscht géint den Estenssoro an etabléiert eng Militärdiktatur, déi 18 Joer dauere sollt..
09. Juni: De Lâl Bahâdur Shâstrî gëtt Premierminister an Indien (bis Enn 1966).
02. August: Am Golf vun Tonkin gräifen nordvietnameesesch Schëffer där vun der US-Marine un; d'Amerikaner bombardéieren doporpshin Stellungen am Nordvietnam.
03. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:1 géint Belsch.
21. Juni: Déi spuenesch Foussball-Nationalekipp gëtt bei sech doheem duerch en 2:1 an der Finall géint déi vun der UdSSR Foussball-Europameeschter.
20. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Belgrad, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1966, 1:3 géint Jugoslawien. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Ady Schmit geschoss.
04. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1966, 0:2 géint Frankräich.
21. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp zu Tongeren 1:5 géint Belsch. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Henri Klein geschoss.
08. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1966, 0:2 géint Norwegen.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article 1964, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses. ®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.