De Vermont ass e Staat am Nordoste vun den USA.
Vermont | |||||
| |||||
Spëtznumm: The Green Mountain State | |||||
Lëscht vun alle Bundesstaaten | |||||
Haaptstad: | Montpelier | ||||
Gréisst Stad: | Burlington | ||||
Gouverneur: | Phil Scott | ||||
Fläch: - Total: - Waasser: | Op 45. Plaz 24.923 km² 4,1 % | ||||
Bevëlkerung: - Total: - Dicht: | Op 49. Plaz 643.077 (2020) 26,95/km² | ||||
Opgeholl als Memberstaat: | 4. Mäerz 1791 (14ten) | ||||
Zäitzon: | UTC-5/-4 |
De Vermont grenzt un d'US-Bundestaate Massachusetts am Süden, New Hampshire am Osten, New York am Westen, an d'kanadesch Provënz Québec am Norden. De Lake Champlain markéiert d'Hallschent vum Vermont senger westlecher Grenz mat New York an d'Green Mountains duerchlafen de Staat vun Norde no Süden.
Mat ongeféier 66.000 Awunner méi wéi Wyoming ass Vermont den zweetklengsten US-Bundesstaat, wat d'Bevëlkerungszuel betrëfft. D'Haaptstad ass Montpelier, d'Haaptstad mat de mannsten Awunner an de ganzen USA. Och Burlington, d'Stad mat de meeschten Awunner am Vermont, huet nëmmen 42.000 Awunner.
2015 gouf geschat, datt ronn 620.000 Leit am Staat gewunnt hunn, vun deene sech 94,8 % als wäiss Amerikaner, 1,84 % als Hispanic/Latino, 1,3 % als Afroamerikaner, 1,6 % als asiatesch an 0,4 % als Indianer identifizéiert hunn, woubäi ee méi wéi eng Kategorie konnt uginn.
D'Duerchschnëttsakommes louch tëscht 2010 an 2014 bei 54.447 US-Dollar pro Stot an 29.535 USD op de Kapp.
Commons: Vermont – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Vermont, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.